Almagest

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Almagest ass eng ëmfaassent a kompetent Duerstellung vum astronomesche System vun de Griichen, déi de Ptolemäus mat sengem ëm d'Mëtt vum 2. Joerhonnert duergestallte Léierbuch Mathematike Syntaxis (lb.: Mathematesch Zesummestellung) iwwerliwwert huet. Spéider Kopië vun deem héich léierräiche Wierk hunn den Titel Megiste Syntaxis (Gréisst Zesummestellung) gedroen, wat als al-magisti an d'arabesch Iwwersetzungen iwwerholl gouf, a vun do als Almagest an den haitege Sproochgebrauch iwwergaangen ass. Am Géigesaz zu anere Wierker aus där Zäit ass den Text vum Almagest komplett iwwerliwwert.

Ptolemäescht Sonnesystem

Den Almagest berout um geozentresche ptolemäesche Weltbild a schafft deem seng astronomesch Detailer aus.

Den Almagest verdrängt wéinst senge Qualitéite scho ganz fréi all aner griichesch astronomesch Schrëften.

De Ptolemäus :

  • systematiséiert doran dat ganzt antikt Wëssen iwwer d'Himmelsobjeten
  • benotzt dobäi den héijen Niveau vun der griichescher Mathematik an
  • huet säi System an d'aristotelesch Physik agebett.

Haut gesi mer dat Wierk als Héichpunkt an Ofschloss vun der antiker Astronomie.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Den Inhalt an den Opbau vum Almagest gouf viru méi wéi 1.500 Joer fir all astronomesch Handbicher dat Virbild. Wéi dem Euklid seng Elementer besteet och den Almagest aus 13 Bicher:

Wat steet dran[änneren | Quelltext änneren]

Als "Virwuert" stellt de Ptolemäus e puer Grondsätz op:

  • D'Himmelsgebäi huet eng Kugelgestalt an dréit sech wéi eng Kugel.
  • D'Gestalt vun der Äerd ass eng Kugel.
  • D'Äerd läit am Zentrum vum ganzen Himmel.
  • No der Gréisst an der Distanz ass si am Verhältnes zu de Fixstärsphäre wéi e Punkt.

Déi einfach Virstellung vu Kugelen a Kreesser stoungen awer net am am Iwwereneestëmmung mat den Observatiounsdaten. Zwou Schwieregkeete waren opfälleg:

  • déi "1. Ongläichheet" - Planéiten duerchlafen d'Bunnstécker mat ënnerschiddlecher Schnellegkeet,
  • déi "2. Ongläichheet " - Planéite beweege sech deelweis an déi entgéigegesat Richtung, hir Bewegunge gläichen enger Aart Schläif.

Fir d'Erklärung vun dësem Phenomen gouf et verschidde Modeller. De Ptolemäus huet a sengem Wierk d'Epizykeltheorie vum Apollonios vu Perge mat hirem Epizykelen an Deferenten iwwerholl, well déi Theorie am Verglach zum eelere Kugelschuelemodell vum Eudoxos vu Knidos de Virdeel hat, datt een et vergréissere konnt (Epizykele vu méi héijer Uerdnung). Vum Hipparchos vun Nicäa bestoung d'Iddi d'exzentresch Lag vum Deferenten (Exzentertheorie). Wéinst der ongläichméisseger Vitesse huet de Ptolemäus zousätzlech och nach en Ausgläichspunkt gebraucht, de sougenannten Equant: vun deem Punkt aus huet d'Bewegung vum Planéit dann erëm gläichméisseg ausgesinn.

D'Sonnentheorie vum Hipparch huet de Ptolemäus onverännert iwwerholl, war awer der Meenung, datt deem seng Moundtheorie wéinst der komplexer Moundbewegung méi genee misst duergestallt ginn. Déi vum Hipparch iwwerliwwert Moundbewegungsdate konnten eréischt vum Tycho Brahe verbessert ginn.

Den Almagest enthält ënner anerem och eng systematesch Zesummefaassung vun der Konscht, fir aus de Miessunge vun Wénkelen a Strecken, Distanzen ze miessen. Doraus entwéckelt sech spéider d'Trigonometrie (Dräiecksmiessung). Am Buch 1 fënnt een déi berühmt Sehnentafel, e Virleefer vun eisen trigonometreschen Tafelen, vun 1/2° bis 180° an 1/2°-Schrëtter (dat entsprécht am wesentlechen der Sinustafel vun 1/4°-90° an 1/4°-Schrëtt). Et komme weider Sätz vun der flaacher an sphärescher Trigonometrie no.

Am Almagest ass och nach e Katalog mat Himmelsobjeten. Deen Inventaire besteet aus den Donnéeën iwwer 1025 Stären an 48 Stärebiller. Dee Katalog huet déi nächst 15 Joerhonnerter keen Nofolger kannt.

Iwwerliwwerung[änneren | Quelltext änneren]

Am 9. Joerhonnert goufe vill griichesch Schrëfte bei den Araber bekannt, ënner hinnen och den Almagest. Dësen ass elo och vill kopéiert, iwwersat a kommentéiert ginn. Sou entwéckelt sech den Almagest zur Grondlag vun der astronomescher Observatioun an dem Rechnen am arabesche Raum. Déi lescht a beschten Iwwersetzung verdanke mer dem Ishaq Ibn Hunain.

Well ee während dem Fréimëttelalter am westlechen Europa kaum Zougang zu griichesche Quelle vun der Antike hat, war do och den Almagest onbekannt. Obwuel d'Astronomie Deel vum Quadrivium war, waren d'Kenntnesser um Gebitt dach geréng. Dat huet sech awer mat dem Intressi un der Astrologie deen ëmmer méi grouss gouf geännert, well doduerch ware genee Date vun der Astronomie gefrot. An der zweeter Hallschent vum 12. Joerhonnert goufen dann endlech verschidden Astronomiewierker zougänglech, dorënner nieft deem vum Thabit ibn Qurra och den Almagest. Dëse gouf zweemol op Latäin iwwersat: eemol aus dem Griicheschen an eemol aus dem Arabeschen vum de Gerhard vu Cremona.

Ëm d'Mëtt vum 13. Joerhonnert huet den Almagest an de Virliesungen op den Universitéiten eng staark Konkurrenz kritt duerch d'Theorica planetarum (Planéitentheorie), enger anonymer Ofhandlung, déi wahrscheinlech duerch e Professer vun der Paräisser Universitéit verfaasst gouf. D'Planetentheorie beschreift d'ptolemäesch Grondtheorie fir jiddwer Planéit an ergänzt déi Beschreiwung duerch weider Zeechnungen.

An enger vollstänneger laténgescher Fassung gouf den Almagest fir d'éischt 1515 zu Venedeg gedréckt. Den Drock vun der éischter griichescher Originalfaassung ass am Joer 1538 zu Basel gefollegt. Déi Jore markéieren dann och schonn den Ëmbroch, deen dozou gefouert huet, datt dat am Almagest duergestallte geozentrescht Weltbild duerch dat heliozentrescht Weltbild vum Nikolaus Kopernikus ofgeléist gëtt. Déi gréisst Unhänger vum neie Weltbild waren de Galileo Galilei an de Johannes Kepler. D'Gesetzer vum Kepler hunn dann och d'Entwécklung vun der moderner Astronomie agelaut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerd Grasshoff: The history of Ptolemy's star catalogue, Springer, New York, 1990, ISBN 3-540-97181-5 (Analyse vum Stärekatalog am "Almagest")
  • Johan Ludvig Heiberg: Claudii Ptolemaei opera quae exstant omnia, Teubner, Leipzig,
    • 1. - Syntaxis Mathematics, 1898 (griichesch Textausgab)
    • 2. - Opera astronomica minora, 1903 (griichesch Textausgab)
  • Paul Kunitzsch: Der Almagest. D'Syntax mathematica vum Claudius Ptolemäus an arabesch-laténgescher Iwwerliwwerung, Harrassowitz, Wiesbaden, 1974, ISBN 3-447-01517-9 <Zugl. München Univ. Habilitationsschr.>
  • Karl Manitius: Dem Claudius Ptolemäus säin Handbuch iwwer d'Astronomie, Teubner, Leipzig,
    • 1. - 1963 (däitsch Iwwersetzung)
    • 2. - 1963 (däitsch Iwwersetzung)
  • Olaf Pedersen: A survey of the Almagest, Univ. Pr., Odense, 1974
  • Gerald J. Toomer (Hrsg.): Ptolemy's Almagest, Univ. Pr., Princeton, 1998, ISBN 0-691-00260-6 (Englesch Iwwersetzung)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]