Alnilam (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alnilam ass de Stär ε Orionis (Epsilon Orionis), de mëttelsten Ceinturestär am Orion. Den Numm ass arabesch a bedeit souvill wéi "Areiung (vu Päerelen, Ceinturemëtt)". Den Alnilam huet eng visuell Magnitude vu +1,7 mag a gehéiert zu der Spektralklass B0. Seng Temperatur ass ronn 25.000 Kelvin an hien ass soumat e bloe Stär. Den Epsilon Orionis gehéiert zu den liichtkräftegsten Stären, déi mär kennen: D'Liichtkraaft iwwersteigt eis Sonn ëm dat 375.000-facht. Den Alnilam ass och ronn 31,8x méi grouss wéi eis Sonn. Seng Distanz zu eis ass 1200 Liichtjoer.
Date [änneren]
- Koordinaten (Equinoxe 2000):
- Rektaszensioun 5h36m13s;
- Deklinatioun -1°12'7"
- Duerchmiesser: 44.265.600 km
- Liichtkraaft: 375.000 x Sonn