Alouette 1

Vu Wikipedia
Fuerschungssatellit Alouette 1
De kanadesche Satellit Alouette 1
Land Kanada
Agentur CDRB
Apogeum 1032 km
Perigeum 996 km
Bunnschréi 80,5°
Bunn-Ëmlafzäit 105,5 min
Exzentrizitéit .002433
Mass 145 kg
Start 29. September 1962, 06:05 UTC
Startplaz Vandenberg AFB SLC-2E
Drorakéit Thor-Agena B
Status zanter 1972 net méi a Betrib

D'Alouette 1 oder (Alouette A) war den éischte kanadesche Satellit. E gouf am Joer 1962 an den Orbit geschoss − fënnef Joer nodeem d'UdSSR am Joer 1957 hiren éischte Satellit Sputnik 1 an den Orbit geschéckt hat a véier Joer nodeem d'USA den Explorer 1 gestart haten. Domat war Kanada déi drëtt Natioun mat engem Satellit am Orbit.[1] Den Numm Alouette leet sech vum franséische Wuert fir de Léimännchen a vun engem populäre franséisch-kanadesche Volleksliddtitel of.

Satellittestart a Missiounsfortschrëtt[änneren | Quelltext änneren]

D'Alouette 1 gouf vun der National Aeronautics and Space Administration (NASA) vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien den 29. September 1962 ëm 06:05 UTC an den Orbit ëm d'Äerd geschoss. D'Aufgab vun der Alouette war et, d'Ionosphär z'ënnersichen, e Gebitt vun der ieweschter Atmosphär, an där vill Satellitte placéiert solle ginn. D'Missioun vun der Alouette hat 10 Joer gedauert, bis d'Instrument plangméisseg ofgeschalt gouf. De Missiounsdirekter war de Kanadier John Herbert Chapman.

Am Juni 2010 ass d'Alouette 1 nach ëmmer am Orbit gekreest an e puer vun den deemolege Verantwortlechen haten ugeholl, datt et beim Fortschécke vum Aktivéierungssignal eng ganz kleng Chance fir d'Reaktivéierung géif ginn.

Méifachkonstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi weider Satellitte goufen aus Sécherheetsgrënn fir de Fall vun enger Feelfunktioun gebaut; wann den éischte Satellit ausfale sollt, kéint den zweeten nëmmen e puer Méint méi spéit gestart ginn. Et hat 3½ Joer vum Virschlag fir d'Alouette bis zu senger Entwécklung a fir säi Bau gedauert. D'Mechanik gouf zu Downsview vum kanadeschen Hiersteller de Havilland Canada gebaut, d'Gebai ass haut den Toronto Aerospace Museum. D'Satellitten S27-2 (Prototyp), S27-3 (den agesate Satellit) a S27-4 (Backup) goufe vum Defense Telecommunications Establishment Electronics Lab zu Ottawa montéiert. Déi fir d'Alouette benotzt Batterië goufe vun engem Departement vum Canadian Defence Research Board entwéckelt a ware fir déi laang Liewesdauer vum Satellit verantwortlech. D'Antenne waren zwou 45,7 m resp. 22,8 m laang Dipolantennen.[2] No der Fäerdegstellung war d'Alouette 145,7 kg schwéier a gouf vun enger zweestufeger Thor-Agena-B-Rakéit gestart. De Backupsatellit vun der Alouette 1 gouf 1965 als Alouette 2 gestart, fir déi eeler Alouette 1 z'ersetzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Canada Connects: ALOUETTE 1 - The Project that Launched the Canadian Space Industry Gearchiveerd op 2006-10-10. Gekuckt de(n) 2013-01-20.
  2. Alouette 1 im National Space Science Data Center (NSSDC) der NASA Gearchiveerd op 2007-09-21. Gekuckt de(n) 2013-01-20.