Aloys Jousten

Vu Wikipedia
Aloys Jousten
Gebuer 2. November 1937
Sankt Väit
Gestuerwen 20. September 2021
Köln
Nationalitéit Belsch
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Theolog, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Den Aloys Jousten, gebuer den 2. November 1937 zu Sankt Vith a gestuerwen den 20. September 2021 zu Köln, war e belsche Geeschtlechen a Bëschof vu Léck.

Den Aloys Jousten war Dokter an der Theologie a gouf den 8. Juli 1962 zu Léck zum Priister geweit.

Vum 9. Mee 2001 bis den 13. Mee 2013 war hien als 91. Bëschof vu Léck den Nofollger vum Albert Houssiau. Den Nofollger vum Jousten ass de Jean-Pierre Delville.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger Nofollger
Albert Houssiau Bëschof vu Léck
2001 - 2013
Jean-Pierre Delville