Aloyse Bové

Vu Wikipedia
Aloyse Bové
Gebuer 19. Oktober 1906
Hollerech
Gestuerwen 17. Juni 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Innenarchitekt


Den Aloyse ("Alo") Bové, gebuer den 19. Oktober 1906 an der deemoleger Gemeng Hollerech a gestuerwen de 17. Juni 1977 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Bannenarchitekt.

Hien huet haaptsächlech Blummen- a Landschaftsbiller gemoolt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alo Bové säi Papp war Blummegäertner zu Hollerech. No sengem Ofschloss an der Handwierkerschoul um Lampertsbierg goung hien op München wou hien op der Akademie für angewandte Kunst und Raumgestaltungen en Ofschloss a Bannenarchitektur gemaach huet. Zeréck zu Lëtzebuerg gouf hie Gerant an engem Dekoratiounsgeschäft an huet 1932 säi Büro für Innenarchitektur und Raumkunst opgemaach.

Als Member vum Cercle artistique de Luxembourg huet hien 1926 fir d'éischt ausgestallt a krut 1935 de Prix Grand-Duc Adolphe.

1939 ass hien der GEDELIT vum Damien Kratzenberg bäigetrueden an am August 1940 der Volksdeutschen Bewegung, wou hien et bis zum Blockwart bruecht huet. 1943 gouf hien an d'NSDAP opgeholl.

Säi Büro für Innenarchitektur und Raumkunst gëtt 1942 mat Pläng fir Ëmbauaarbechte vum "Stadtschloss"[1] beoptragt, wou ënner anerem eng "Schlossschenke" sollt ageriicht ginn.

1945 gëtt Plainte wéinst "Atteinte à la sécurité extérieure" géint hie gefouert an hie verbréngt 613 Deeg an Ënnersuchungshaft. An den 1950er Jore stellt den Alo Bové seng Wierker nees zu Lëtzebuerg aus.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aloyse Bové – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Nazien haten de Groussherzogleche Palais a "Stadtschloss" ëmgedeeft.
  2. Souwäit net anescht vermierkt: Lorent, Catherine: Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Großherzogtum Luxemburg 1934-1944, Säit 340-341.