Aloyse David

Vu Wikipedia
Aloyse David
Gebuer 25. Juni 1922
Gestuerwen 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


Den Aloyse David, gebuer de 25. Juni 1922 zu Bierden a gestuerwen 2014[1], war e lëtzebuergesche Lokalhistoriker an Auteur.

Den Aloyse David gouf am Zweete Weltkrich vun den Nazien zwangsrekrutéiert. Enn 1942 ass hien desertéiert an huet sech zu Réiden op der Atert bei der Marie Moes, mat deem hie sech den 2. Januar 1945 bestuet huet, verstoppt. Nom Krich ass hien op Dikrech komm, wou hie bis zu senger Pensioun am Joer 1978 als Beamten op der Spuerkeess geschafft huet.

Duerno huet den Aloyse David sech mat Genealogie beschäftegt an ass iwwer dee Wee op déi Dikrecher Lokalgeschicht komm. Hien ass den Auteur vun enger Rei vu Bicher an Artikelen op deem Gebitt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • David, Aloyse & Marc Weydert, 1997. Au nom de la loi!: Berichte aus Zeitungen, Archiven und Privatsammlungen über die Gerechtigkeitspflege im Justizbezirk Diekirch im 19. Jahrhundert. Diekirch: Impr. du Nord, 158 S.
  • David, Aloyse & Marc Weydert, 2000. Alexis Heck, Begründer des Luxemburger Tourismus: 50 LTH. [Diekirch]: LTHAH: ALDEH, Luxemburg, Service des imprimés de l'Etat, 249 S.
  • David, Aloyse & Serge Kugener, 2005. Der Bildhauer Michel Deutsch (1837 - 1905). In: Den Deiwelselter: Informatiounsblat vun der Gemeng Dikrich. Dikrich: Gemeng. N° 4(2005), S. 8-13.
  • David, Aloyse, 2010. Das Handwerk in Diekirch: eine Auflistung Diekircher Handwerker vom 16. Jahrhundert bis heute. Diekirch: A. David, Impr. Faber, Mersch, 480 S.[2]
  • David, Aloyse, 2011. Dikricher Famillen a Betrieber. Diekirch: A. David: Éd. Lezarts, 2011, Impr. Faber, Mersch, 240 S.
  • David, Aloyse, 2012. Zwangsëmsiedlung von der Famill Robert Eyschen: Diekircher vor dem Deutschen Sondergericht: Amicale Ons Jongen. Diekirch: A. David: Éd. Lezarts, 36 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diekirch: Lokalhistoriker Aloyse David wird 90. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 122 (27. Juni), S. 20.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. SVQ_Page 1: N° 001 – N° 050 Archivéiert op 2021-12-12. Gekuckt de(n) 12 Dezember 2021.
  2. Kuck: Aloyse David stellt Buch über Diekircher Handwerkerfamilien vor. Luxemburger Wort vum 29. November 2010. [1]