Aloyse Hentgen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Aloyse Hentgen gebuer de 16. Juli 1894 zu Riedgen, a gestuerwen den 1. Dezember 1953, war e lëtzebuergeschen Affekot a Wirtschafts- a Landwirtschaftsminister a Resistenzler.

Hien huet vun 1913 bis 1916 zu Paräis an duerno zu Friburg an der Schwäiz Droit studéiert. Den 13. Juli 1917 huet e säin Eed als Affekot geleescht a gouf Member um Barreau vu Lëtzebuerg.

Den 29. Februar 1920 huet en, mat nach anere Familljen, bäi der Grënnung vun der éischter Lëtzebuerger Assurancëgesellschaft La Luxembourgeoise matgewierkt. Hie gouf do President vum Opsiichtsrot an duerno Administrateur-délégué (1923: Division assurances, 1933: Division banque).

Den 10. Dezember 1933 huet den Aloyse Hentgen d'Lëtzebuerger Basketball Federatioun matgegrënnt a war do vun 1933 bis 1936 President vum Comité.

Um Häerz louch em och de Scoutissem. Esou war en ë. a. virum Zweete Weltkrich Chef-Scout a vun 1944 bis 1948 Commissaire général vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten.

Seng grouss Vocatioun louch awer an der Politik. Schonns 1917 war en als President vum Akademikerveräin engagéiert, enger Studentenorganisatioun déi sech zwar offiziell onofhängeg wollt, u sech awer nach ëmmer der Rietspartei an duerno där hirer Nofolgerin CSV nostoung. Hie gouf als "kathoulesch an nationalistesch" betitelt. En huet versicht, d'Marie-Adélaïde géint d'Ugrëff vun de Lénksgeriichten ze verdeedegen a war als Konter-Revolutionnär géint den Uschloss un d'Belsch. 1935 gouf en dem Eugène Dondelinger säin Nofolger als Chamber-Deputéierte vun der Rietspartei am Südbezirk.

Am Zweete Weltkrich gouf den Aloyse Hentgen als Affekot vun der Lëscht vum Barreau gestrach a vun der Gestapo mat senger Famill an Däitschland déportéiert (1942-1945). Virum KZ gouf e gerett vum Dr Hedfeld de Kaub, wéinst enger Krankheet un där en effektiv gelidden huet.

Nom Krich war den Aloyse Hentgen Fraktiounspresident vun der CSV. Hien huet 1948/1949 déi éischt Initiativ ergraff fir d'Grënnung vun enger Jugendorganisatioun vu senger Partei am Südbezierk. De 14. Juli 1948 gouf hie Wirtschafts- an Agrikulturminister an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson. No engem éischten Hireschlag huet e sech den 2. September 1950 awer gezwonge gesi fir ze demissionéieren.

Den Aloyse Hentgen ass den 1. Dezember 1953 verscheet.

Gielercher [änneren]

Referenzen [änneren]