Aloyse Kayser

Vu Wikipedia
Aloyse Kayser
Gebuer 29. Januar 1874
Miersch
Gestuerwen 6. Mäerz 1926
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

Den Aloyse Kayser, gebuer den 29. Januar 1874 zu Rolleng bei Miersch, a gestuerwen de 6. Mäerz 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler (FNCTTFEL)[1].

Vu Beruff war den Aloyse Kayser Eisebunner; politesch war hien, mam Xavier Brasseur, Michel Welter a Bernard Krack, ee vun den Haaptleit vun der Sozialistescher Partei vu Lëtzebuerg, fir déi hie vun 1908 bis 1918 a vun 1919 bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber war.

Hie war vun 1922 bis 1926, als Nofollger vum Joseph Junck, de President vun der Gewerkschaft Landesverband Luxemburger Eisenbahner, och alt nach kuerz Landesverband genannt.

Nieft der Politik war hien aktiv am Sport. Ënner sengem Impuls gouf 1899 de lëtzebuergeschen Turnverband mam deemolegen Numm Union des sociétés luxembourgeoises de gymnastique gegrënnt.

Den Aloyse Kayser war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[2]

Zu Lëtzebuerg um Belair, zu Schëffleng, Péiteng, Miersch, Diddeleng an zu Esch-Uelzecht ass eng Strooss no him genannt, um Belair an der Stad Lëtzebuerg och eng Schoul, d'Aloyse-Kayser-Schoul.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thinnes, A., 2022. Zu nahe an den Schienen. Das ehemalige Schrankwärterhäuschen und Geburtshaus von Aloyse Kayser in Rollingen wird abgerissen. Luxemburger Wort vum 12. Januar 2022, S. 21.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aloyse Kayser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Kuerz Biographie an Doudesannonce vum Aloyse Kayser am Escher Tageblatt vum 8. Mäerz 1926
  2. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  3. Thinnes, A., 2022