Aloyse Raths
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Aloyse Raths, gebuer de 5. Juni 1921 zu Biissen, gestuerwen de 17. Dezember 2009, ass e fréiere Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.
Biographie [änneren]
- Den Aloyse Raths war vu Beruff Schoulmeeschter.
- 1940: Grënner vun der Lëtzebuerger Legio'n.
- 1941: Matgrënner vun der Letzeburger Vollekslegio'n.
- Nom Zweete Weltkrich Member vun der L.P.P.D (Zesummeschloss vun de Resistenzler nom Zweete Weltkrich) an Editeur vun hirer Zäitschrëft Rappel
- 1967-2004: President vum CNR, dem Conseil national de la résistance
- Auteur vu ville Bäiträg iwwert d'Resistenz zu Lëtzebuerg
Publikatiounen [änneren]
- Raths, Aloyse: Années néfastes pour le Grand-Duché 1940-1945 – Unheilvolle Jahre für Luxemburg; LPPD / Éditions du Rappel; Drock: Imprimerie centrale, Januar 2009.
- Eng ganz Partie vu senge Contributiounen iwwer d'Resistenz goufen an der Zäitschreft Rappel publizéiert, deen den A.R. och editéiert huet.
Literatur [änneren]
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, Luxemburg, 1997
- Wehenkel, Henri: Der Kommissar und der Widerstand am (Letzebuerger) d'Land vum 13. Februar 2009