Aloyse Steinmetz

Vu Wikipedia
Aloyse Steinmetz
Gebuer 13. Oktober 1920
Pëtschent
Gestuerwen 1. Abrëll 2015
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Enseignant

Den Aloyse Steinmetz, gebuer den 13. Oktober 1920 zu Pëtschent a gestuerwen den 1. Abrëll 2015 zu Eech (Stad Lëtzebuerg)[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1938 bis 1942 huet den Al Steinmetz an der Normalschoul, aus där ënner dem däitschen Okkupant d'Lehrerbildungsanstalt mat Sëtz zu Ettelbréck gouf, studéiert. Am August 1942 ass hie Schoulmeeschter op der Schanz ginn. Am Oktober 1942 ass en an den Reichsarbeitsdienst (R.A.D.) agezu ginn, aus dem hien Enn Dezember entlooss ginn ass. Am Februar 1943 krut hien eng Plaz als Schoulmeeschter zu Schengen. Am Juni 1943 ass en als Zwangsrekrutéierten an d'Wehrmacht agezu ginn. Am Februar 1944 gouf hien un der russescher Front schwéier blesséiert, an am Mee 1944 krut hien drësseg Deeg Urlaub, fir sech doheem bei sengen Elteren, déi zu Eesebuer gewunnt hunn, z'erhuelen. Hien ass awer net méi zeréck gaangen, a war vum Juni u bis den 10. September 1944 bei enger Famill zu Guedber als Refraktär verstoppt.

Am November 1944 koum hien als Schoulmeeschter an d'Éislek op Tratten, wou hie vun der Rundstedtoffensiv iwwerrascht gouf an an d'Belsch geflücht ass, well hien als Deserteur vun der Wehrmacht den Doud riskéiert hätt, wann en an d'Hand vun den Däitsche gefall wier.[2]. 1949 koum den Al Steinmetz op Rouspert, wou hien 33 Joer laang enseignéiert huet. Hie war e Pionéier um Gebitt vun der Freinet-Pedagogik an huet an deem Sënn an der Rousperter Schoul eng Schouldréckerei ageriicht.

Den Al. Steinmetz war fofzéng Joer laang President vum "Syndicat d'Initiative" vu Rouspert a vun 1962 bis 1995 President vum lokale Foussballveräin FC Victoria Rouspert. Hie war d'dreiwend Kraaft vum Periodique "Les amis de Rosport" a gehéiert zu deene Leit, déi sech jorelaang fir d'Ariichte vum Tudor-Musée agesat hunn.[3] Fir seng Verdéngschter um Gebitt vum regionalen Tourismus huet den Al. Steinmetz 1999 de "Mëllerdaller Reesbengel" kritt.[4] Am Dezember 2007 huet de Rousperter Gemengerot den Al. Steinmetz Éierebierger vun der Gemeng genannt.[5]

De Schwéierpunkt vu senge Publikatioune louch um Gebitt vun der Pedagogie, der Kannerliteratur an der Lokalgeschicht vu Rouspert, wou hie sech besonnesch mat dem Henri Tudor beschäftegt huet. Seng Artikelen huet den Aloyse Steinmetz gär mat A.S. oder Al.St… signéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Steinmetz, A., 1951. Das Geisterhäuschen. Luxemburg-Eich: L.K.A., 1951, Luxembourg, St. Paulus-Dr., 18 S.
  • Steinmetz, A., 1952. Spuk an der Sauer: zwölf Sagen und Geschichten. Luxembourg-Eich: Verl. "Action catholique enfantine luxembourgeoise" - "Letzeburger Kanner-Aktio'n" (L.K.A), Luxemburg, Sankt-Paulus-Dr., 61 S.
  • Steinmetz, A., 1970. Die Girsterklause, der älteste Wallfahrtsort des Landes. Selbstverlag, 31 S.
  • Steinmetz, A., 1973. Rosport: die Geschichte eines Dorfes. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 195 S.
  • Steinmetz, A., 1981. Die Tudors in Rosport. Dokumentation über das Leben und die Verdienste der Gebrüder Tudor für ihre Heimatortschaft Rosport. Hrsg. von Lehrer Al. Steinmetz, gelegentlich des 100. Jahrestages des ersten Bleiakkumulators, der von Henri Owen Tudor gebaut wurde und in der alten Mühle des früheren Irminenhofes funktionierte <1881>. Luxembourg, rapid press, 68-(4) S.
  • Steinmetz, A., 1983. Der Irminenhof in Rosport. Les amis de Rosport, No 1, S. 3-7.
  • Steinmetz, A., 1984. 25 Jahre "Source Rosport". Les amis de Rosport 1984, No 4, S. 166-173.
  • Steinmetz, A., 1984. Hauptdaten der Chronik von Rosport, 634-1984. Rosport, n.p.
  • Steinmetz, A., 1985. Die Stadt Echternach erstrahlte vor 100 Jahren im elektrischen Licht. Pionierleistung des Rosporter Erfinders Henri Owen Tudor. Luxemburger Marienkalender 1986, S. 138-141.
  • Steinmetz, A., 1987. Die Akkumulatorenfabrik in Rosport und deren Fortpflanzung im Ausland. Les amis de Rosport, No 10: 459-467.
  • Steinmetz, A., 1991. Aus dem Sagenschatz der Untersauer. Christnach, Éditions Émile Borschette, 111 S.
  • Steinmetz, A., 1995. Henri Owen Tudor konstruierte in Rosport einen elektrischen Bleiakkumulator, der weltweites Aufsehen erregte. Gester an Hätt, 8 (16), S. 3-11.
  • Steinmetz, A., 1995. Rosporter Erinnerungen. Echternach, 266 S.
  • Steinmetz, A., 1996. Robert Tudor (1857-1935). Gëster an Hätt, 9 (18), S. 3-7.
  • Steinmetz, A., 1996. Mathias Besenius (1893-1983), ein Leben im Dienste der Stadt Echternach. In: Annuaire de la ville d'Echternach, S. 189-196.
  • Steinmetz, A., 2001. Die ältesten Reise- und Wanderführer “Echternach und seine Umgebung”. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 2001, S. 56-63.
  • Steinmetz, A., 2004. Dem Lehrerkollegen René Goebel zum Gedenken. Luxemburger Wort 2004 (12. März), S. 23.
  • Steinmetz, A., 2005. Lokalchronik vu Rouspert - mat perséinlichen Notizen: 1992 - 2002. Rosport: Amis de Rosport, Luxembourg, Linden, 68 S.
  • Steinmetz, A., 2007. "Hier kann man Glauben erleben" - die "Muttergottes von der Hieselterheck" im Laufe der Geschichte: die Girsterklaus, älteste Marienwallfahrtsstätte der Geschichte. In: Die Warte. - Luxembourg. - Année 59(2007), n° 7 = n° 2177 (1. März), S. 10-11.
  • Steinmetz, A., 2007. Aus einem randgefüllten Lehrerleben 1942-1982: vom Frontalunterricht zu aktiven Schulmethoden. Luxembourg, Linden, 163 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2015, Nr. 79 (3. April), S. 47 (Doudesannonce).
  2. Jos. Krippes, 1993. Rouspert am II. Weltkrich, 1939-1945. Les Amis de Rosport, 509 S. (Steinmetz Aloyse – Jahrgang 1920: S. 329-349).
    Fédération des enrôlés de force: Aloyse Steinmetz.
  3. Cf. A. Steinmetz: Préface. In: H. Werner & E. Reiter, 2009. Henri Owen Tudor. L'impact d'une idée. Les amis du Musée Henri Tudor, Luxembourg, S. 7.
  4. Jos. Heintz (J.H.): SI-Entente der Kleinen Luxemburger Schweiz und der Untersauer: Aloyse Steinmetz mit dem "Mëllerdaller Reesbengel" ausgezeichnet. Luxemburger Wort, 28. September 1999, S. 11.
  5. (mb): Gestern Morgen im Rathaus in Rosport: Aloyse Steinmetz zum Ehrenbürger ernannt. Luxemburger Wort 2007 (10. Dezember), S. 35.