Alpha-Aurigiden

Vu Wikipedia
Alpha-Aurigiden
Aktivitéitszäitraum 25. August - 8. September
Aktivitéitsmaximum 1. September
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 5h 36m
DE: +42°
ZHR 7
Populatiounsindex 2,6
geozentresch Vitess 66 km/s

D'Alpha-Aurigide sinn e Meteorstroum, dee vum 25. August bis den 8. September vu Mëtteleuropa aus ze gesinn ass. Als Mammekierper gëtt de Koméit C/1911 N1 Kiess gefouert, deen eng Ëmlafzäit vu ronn 2500 Joer huet.

De Radiant ass wärend dem Aktivitéitszäitraum am Stärebild Auriga, woubäi en ëmmer südlech vum Stär Capella ass.

Den ZHR vun den Alpha-Aurigide läit gewéinlech bei 7 Meteore pro Stonn. An de Joren 1935, 1986 an 1994 sinn och Stréim vun 30 bis 40 Meteore pro Stonn registréiert ginn.

Radiantepositioune vun den Alpha-Aurigiden
Dag 25.8. 1.9. 8.9.
RA 5h 4m 5h 36m 6h 0m
DE +42° +42° +42°

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie