Unuk (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Alpha Serpentis)
Unuk
α Serpentis
Stärebild: Serpens
Daten
Spektralklass: K2III / A3 / ?
Visuell Magnituden: 2,63 / 11.8 / 13
Liichtkraaft: 70*Sonn / ? / ?
Mass: ? / ? / ?
Duerchmiesser: 15 * Sonn / ? / ?
Radialvitess: ? / ?
Koordinaten: A:15:44:16,1 D:06:25:32.0
Aner Bezeechnungen
Unukalhai - Cor Serpentis - 24Serpentis
HR 5854 - HD 140573 - SAO 121157
HIP 77070 - ADS 9765 - CCDM 15442+0626
Kaart vum Stärebild Serpens an Ophiuchus

Den Unuk (α Ser / α Serpentis) läit ongeféier 73 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Dräifachstäresystem am Stärebild Serpens.

Den α Serpentis A ass en orange Stär vun der Spektralklass K2III mat enger visueller Magnitude vu +2,7 mag. Dëse Stär huet déi 70-fach Hellegkeet bei enger Uewerflächentemperatur vu 4300 Kelvin an dem 15-fache Radius vun eiser Sonn.

58 Bousekonnen ewech läit den α Serpentis B (Spektraltyp A3) mat enger visueller Hellegkert vun 11.8 mag; den α Serpentis C, ass e Stär mat 13. Magnitude, a läit 2.3 Bouminutte vun A ewech.

Den Numm Unuk ass eng Ofkierzung vun Unuk al Hay (och Unukalhai, Unuk Elhaia ë. a.) a bedeit sou vill wéi "Hals vun der Schlaang". Den α Serpentis gëtt och "Cor Serpentis" (lat. "Häerz vun der Schlaang") genannt.

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie