Alphonse Deloos

Vu Wikipedia
Alphonse Deloos
Gebuer 1925
Gestuerwen 24. Januar 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Karikaturist

Den Alphonse ("Fos") Deloos, gebuer 1925 a gestuerwen de 24. Januar 2015 zu Munneref, war e lëtzebuergesche Karikaturist.

Hien huet vum Oktober 1959 bis Enn 1982 all Woch (an duerno nach heiansdo) an der Wochenzeitung d'Letzeburger Land op der éischter an der leschter Säit seng politesch Karikature publizéiert, déi e mat Dafo ënnerschriwwen huet. 1982 hat hien eng Wierksausstellung am Escher Theater.[1]

Haaptberufflech war hien Employé op der Arbed.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Hilgert: "Der Chronist der Werner-Ära." in: d'Lëtzebuerger Land Nr. 33, 17. August 2018, S.10-11.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. : pf: "Alphonse Deloos." in: d'Lëtzbuerger Land, Nr.5, 30. Januar 2015, S.4.