Alphonse Eichhorn (Forstingenieur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zoolog Alphonse Eichhorn. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alphonse Eichhorn.
Alphonse Eichhorn
Gebuer 25. Oktober 1898
Miersch
Gestuerwen 2. Abrëll 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zoolog

Den Alphonse Eichhorn, gebuer de 25. Oktober 1898 zu Miersch a gestuerwen den 2. Abrëll 1971, war e lëtzebuergesche Forstingenieur an Zoolog.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alphonse Eichhorn huet zu München Forstwirtschaft studéiert an ass duerno zu Lëtzebuerg an d'Forstverwaltung komm, wou seng Karriär sech follgendermoossen entwéckelt huet: « garde général adjoint au service de l'aménagement des bois » (1929-1935), duerno « garde général » zu Gréiwemaacher a schliisslech « garde général » respektiv « inspecteur des Eaux et Forêts » an der Stad Lëtzebuerg vun 1937 u bis zu senger Pensioun am Joer 1963.

Den Alphonse Eichhorn ass 1957 « membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois vun 1925 un.

Den Alphonse Eichhorn huet historesch Artikelen, déi mat sengem Beruff zesummegehaangen hunn, publizéiert. Donieft awer och zoologesch Artikele mat de Resultater vu senge Recherchen iwwer d'Séisswaassermilben (fréier Hydrachnellae, elo Hydrachnidiae genannt) an d'Muschelkriibsen (Ostracoda) vu Lëtzebuerg. Hien huet och d'Geschicht vun der Chorale Saint-Cécile vun der Kathedral geschriwwen. Hien hat d'Viraarbecht fir e Regësterband vun der Hémecht geleescht, deen no sengem Doud vum Joseph Maertz a vum Paul Medernach finaliséiert gouf.

De Schwäizer Collembolespezialist Hermann Gisin (1917-1967) huet am Joer 1954 dem Eichhorn déi nei Collembolenaart Onychiurus eichhorni dediéiert, déi op Material baséiert huet, dat den Eichhorn zu Stroossen an zu Nidderkäerjeng gesammelt hat. Den aktuellen Numm vun der Aart ass Protaphorura eichhorni (Gisin, 1954)[1].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Eichhorn, A., 1928. Die Fischereigesetzgebung im Grossherzogtum Luxemburg. Luxemburg, 182 S.
  • Eichhorn, A., 1958. Aperçu sur l'étendue de la forêt luxembourgeoise à travers les âges. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 25 (1958), S. 75-93.
  • Eichhorn, A., 1964. Les Hydrachnelles du Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 30 (1963), pp. 139–179.
  • Eichhorn, A., 1965. Die Fischteiche der Abtei Münster in Luxemburg.Hémecht 17 (2), S. 149-181.
  • Eichhorn, A., 1968. Cryptocandona vavrai, Kaufm. et Scottia browniana, Jones, deux rares Ostracodes (Crustacea) du Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 33 (1967), S. 211-223.
  • Eichhorn, A., 1968. Les Hydrachnelles du Grand-Duché de Luxembourg (2e partie). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 33 (1967), S. 225-257.
  • Eichhorn, A., 1970. Der Caecilien-Verein an der Kathedrale Unserer Lieben Frau zu Luxemburg in seiner 125-jährigen Tätigkeit. Luxemburg, 304 S.
  • Eichhorn, A. (†), J. Maertz & P. Medernach, 1977. Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise. Table générale 1895-1973. Luxembourg, 112 S.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 156.
  2. Memorial A N°10 vun 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi 1956 am Ordre de al couronne de chêne dekoréiert goufen