Alphonse Nickels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Alphonse Nickels, gebuer den 11. September 1881 zu Bäerdref, gestuerwen den 21. Dezember 1944 zu Bonn,[1] war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Hie war
- ARBED-Direkter,
- President vun der radikal-liberaler Partei,
- President vum Conseil d'administration vun der Luxemburger Zeitung.
- Member vum Schiidsgeriicht vun de Privatbeamte fir de Kanton Lëtzebuerg
- Direkter vu Bad-Mondorf
Vun 1928 bis 1936 war hie President vum Cercle artistique de Luxembourg.
Am Hierscht 1933 gouf hie Lëtzebuerger Chargé d'affaires zu Berlin. Am September 1942 gouf hien ëmgesidelt.
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 318
Quell: [1]