Alphonsus (Moundkrater)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | 13,7° S |
| Längt | 3,2° W |
| Duerchmiesser | 108 km |
| Déift | 2,7 km |
| Selenographesch Längt | 4° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Alfons X. (Kastilien) |
Den Alphonsus ass e Moundkrater mat 117 km Duerchmiesser, den Zentrum läit bei 13.4°S 2.8°W.
D'Ramplie vum Krater hiewe sech bis zu 3 km iwwer de Kraterbuedem. Ee Biergréck deen an Nord-Süd Richtung leeft, 15 km breet an am Zentrum 1 km héich ass deelt de Kraterbuedem. Et ass net sécher, ob den Urspronk vum Krater vulkanescher Natur ass, oder ob et sech ëm en Aschlagkrater handelt.
Den Astronom Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew hat am Joer 1958 beim Alphonsus Faarfverännerungen entdeckt. Eng rout Verniwwelung, där hir Ursaach méiglecherweis beim molekulare Kuelestoff deen aus dem Moundgestengs austrëtt an der UV-Stralung vun der Sonn leien dierft.
Um Spaweck [änneren]
- SkyTrip: Alphonsus
- (en) The-moon.wikispaces.com: Alphonsus
- Krater Alphonsus im Digital Lunar Orbiter Photographic Atlas of the Moon, Bild iv_108_h2