Alrischa (Stär)

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Pisces. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

Den Alrischa (arab. "d'Seel") ass den Numm vum Stär α Piscium (Alpha Piscium), Haaptstär am Stärebild Fësch. Den Alrischa ass en enken Duebelstär mat engem Wénkelofstand vun 1,8" tëscht de béide Komponenten (Positiounswénkel: 265 Grad). Den Haaptstär huet eng Hellegkeet vu +3,82 mag a gehéiert zu der Spektralklass A0pSiSr. De Begleeder huet eng Hellegkeet vu +5,23 mag a gehéiert zu der Spektralklass A3m. Seng Distanz zu eiser Äerd ass ronn 140 Liichtjoer (Hipparcos- Miessung).

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie