alt.letzebuerger

Vu Wikipedia

alt.letzebuerger ass eng Usenet-Newsgroups, déi sech reng a lëtzebuergescher Sprooch ofwéckelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank vun alt.letzebuerger zeréckzeverfollegen ass opgrond vun der Usenetstruktur net ganz einfach. Gegrënnt gouf se warscheinlech vu Lëtzebuerger ETH-Studenten. alt.letzebuerger feiert säi Gebuertsdag den 12. Mee, well deen eelsten Thread (Diskussioun), dee bis elo an den Archiver fonnt gouf, vum 12. Mee 1993 ass.

Géigewaart[änneren | Quelltext änneren]

Momentan huet alt.letzebuerger ronn eng Dose Stammschreiwer. Am Schnëtt ginn tëscht 50 an 100 Posts am Mount geschriwwen.

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

D'Theemen an alt.letzebuerger si breet gefächert mat Schwéierpunkt op national Theeme wéi grouss Organisatiounen, Walen, Handyreseauen, Klaatsch an Traatsch iwwer déi national Politiker an Theemen, déi sech um internationale Geschéien orientéieren. Beléift sinn dobäi sportlech Organisatioune wéi d'Olympesch Spiller oder d'WM an d'EM am Foussball. E gewëssene Minimum vu Manéieren a Respekt vun der Netiquette gëtt verlaangt, mä et gëtt een net auserneegeholl, wann e mol e Feeler mécht.

Stammschreiwer[änneren | Quelltext änneren]

Maurice Bjuis - Iechternach, LU
Patrik Dardar - Bouneweg, LU
Thomas Former - Sachsen-Anhalt, DE
Jean Gangolf - Iechternach, LU
Frederico Gentile - Wuermer, LU
Thorben Grosser - Konsdref, LU
Steven Hansen - Diddeleng, LU
Armand Jost - Sandweiler, LU
Raymond Kauffmann - Leideleng, LU
Laurent Schmalen - Ettelbréck, LU; Oochen, DE