Altair (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Altair)
De Stär Altair (och Atair genannt) ass deen hellste Stär am Stärebild Aquila (Adler), Bayer-Klassifizéierung α Aquilae. Zesummen mat de Stären Vega an Deneb mécht den Altair d'Summerdräieck.
[änneren] Daten
Den Altair ass e groussen Haaptreienzwerg mat dem 1,2-fache Duerchmiesser vun eiser Sonn. Seng Liichtkraaft bedréit ca. dat 11-facht vun eiser Sonn. Mat enger Uewerflächentemperatur vun ca. 9.440 Kelvin ass den Altair en duerchschnëttlech waarme Stär.
[änneren] Etymologie
De Numm Altair stammt aus dem Arabeschen (at-tair) a bedeit „Deen, dee flitt“.
[änneren] Kuckt och
- ABC vun de Stären
- Gréisste Stären
- Nooste Stären
- Hellste Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
| Commons: Altair – Biller, Videoen oder Audiodateien |