Altréier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Altréier
Op der Schanz
Veräinsbau zu Altréier
Veräinsbau zu Altréier
An anere
Sproochen:
fr: Altrier
de: Altrier
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Iechternach
Gemeng: Coat of arms bech luxbrg.png Bech
Buergermeeschter: Camille Kohn
Awunner Uertschaft: 248
(2001)
Koordinaten: 49° 45' 00" N
06° 19' 41" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Altréier oder op der Schanz ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech

Inhaltsverzeechnes

Geschicht[änneren]

D'Géigend ass wahrscheinlech schonns an der Jonksteenzäit (ca. 2000-1600 v. Chr.) bewunnt gewiescht, a virdru war et eng Maart- a Festplaz. Al Handelsweeër sinn hei duerchgaangen. Aus der Zäit ëm 430 v. Chr. ass e Grafhiwwel (Tumulus) erhalen.[1].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tumulus op der Schanz Nuvola apps xmag.png

Zu der Réimerzäit ass eng Strooss hei duerchgaangen, an et gouf ë. a. tëscht 50 an 250 n. Chr. en Atelier, dee Figuren aus Toun vu réimesch-keltesche Gëtter fabrizéiert huet. 1865 goufen d'Fëllementer vun enger réimescher Maart- a Geriichtshal entdeckt, a méi spéit eng sëllechen Votivtafelen, Sailen Bijouen a Mënzen aus där Zäit. An der Mëtt vum 5. Joerhonnert gouf déi réimesch Uertschaft, mat där et zënter dem 3. Joerhonnert biergof goung, bei Invasioune vun den Hunnen komplett zerstéiert. Dono war d'Plaz joerhonnertelaang onbewunnt.

An der Zäit vum Drëssegjärege Krich huet de Generol Jean de Beck Schanzen opkéipe gelooss, als Verdeedegung géint d'Truppe vum Turenne. Zënterhier gëtt et de Flouer- a spéideren Uertschaftsnumm Op der Schanz.

Déi haiteg Uertschaft gëtt et eréischt zënter dem 18. Joerhonnert. Dat éischt Haus huet e Mathias Comes ëm 1754 op réimesche Fëllementer baue gelooss. Et gouf den 8. Dezember 2009 op d'Zousazlëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Op der Ferraris-Kaart sinn Auff der Schantz just 2-3 Haiser agezeechent. Bis zu der Franséischer Revolutioun huet d'Uertschaft zu der Probstei Iechternach gehéiert. Dono war se, zesumme mat Hemstel Deel vun der Par a Gemeng Breidweiler.

Am Kadaster vun 1819 si 14 Haiser opgezeechent. 1844 gouf d'Staatsstrooss vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach ugeluecht, wat der Uertschaft e gewëssen Opschwong bruecht huet.

Den offiziellen Numm "Altrier" gouf fréier "Alttrier" geschriwwen. En hätt awer näischt mat Tréier ze dinn, mä kéim entweder vun "Alt-Driesch" oder vun "Ala Trevis".

Literatur[änneren]

  • Evy Friedrich: "Römersiedlung und Tumulus von Altrier". In: Revue. Letzeburger Illustre'ert Nr. 30, 1979, S.26-29.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Altréier – Biller, Videoen oder Audiodateien
De Waassertuerm zu Altréier.

Referenzen[änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.132-134