Alvan Clark

Vu Wikipedia
Alvan Clark
Gebuer 8. Mäerz 1804
Gestuerwen 19. August 1887
Cambridge
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Moler, Geschäftspersoun
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Kanner Alvan Graham Clark, George Bassett Clark
8 Zoll Refrakter vun der Firma Alvan Clark & Sons dat haut am "Chabot Space and Science Center" an (Kalifornien, USA) steet

Den Alvan Clark, gebuer den 8. Mäerz 1804 zu Ashfield, Massachusetts, gestuerwen den 19. August 1887 zu Cambridge, Massachusetts) war en US-amerikaneschen Astronom an Teleskopebauer.

De Clark huet d'Firma Alvan Clark & Sons gegrënnt, déi sech op d'Hierstelle vu Lënse fir de Bau vu Refraktere spezialiséiert hat. D'Glas krut hie vu Paräis.

E puer vun deene gréisste Lënsenteleskope vun der Welt ginn op seng Firma zeréck, ë. a. dat weltwäit gréisst am Yerkes-Observatoire, dat zweetgréisst am Lick-Observatoire an de Refrakter vum Observatoire vu Pulkowa.

Fënnefmol huet dem Clark seng Firma all Kéier de gréisste Refrakter vun der Welt gebaut. Ee vu senge Jongen, den Alvan Graham Clark, huet de Begleeder vum Sirius entdeckt, säin eelste Jong, den George Bassett Clark, war Matbesëtzer vun der Firma.

Ee Krater um Äerdmound[1] gouf nom Alvan an dem Jong Alvan Graham genannt an een um Mars nom Alvan Clark[2] genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • D.J. Warner, R.B Arial: Alvan Clark & Sons, Artists in Optics, Willmann-Bell, Richmond 1995, ISBN 0943396468

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alvan Clark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gazetteer of Planetary Nomenclature (Moon) vum U.S. Geological Survey
  2. Gazetteer of Planetary Nomenclature (Mars) vum U.S. Geological Survey