Alweraje

Vu Wikipedia

Alweraje (heiansdo och Alvérage geschriwwen) war eng Lëtzebuerger Resistenzorganisatioun an der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, déi am Süde vum Land aktiv war.

Den Numm sëtzt sech aus den Ufanksbuchstawe vun de Virnimm vun hire Grënnungsmemberen zesummen:

Den Ufank vun der Alweraje geet zeréck op eng Grupp Leit, déi zu Schëffleng bliwwe sinn, wéi d'Uertschaft den Dag nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, evakuéiert gouf. Si hunn nom Rechte gekuckt, d'Véi aus de Ställ gelooss, verdierflech Liewensmëttel aus de Butteker geholl, Haiser, déi duerch Artilleriebeschoss beschiedegt waren, ofgeséchert, Doudeger begruewen, an dees méi.

Nodeem d'Leit hannescht waren, an d'Besatzer no an no d'nationalsozialistesch Strukturen agefouert hunn an déi restriktiv "Verordnungen" där ëmmer méi gi sinn, hunn eng hallef Dose vun hinne parallel dozou ugefaangen, Mesuren ze huelen, fir hiren Désaccord auszedrécken. Dat huet am Ufank éischter onkoordinéiert, heiansdo folkloristesch geschéngt: sou gouf d'Schëld 'Adolf-Hitler-Platz' nuets ofgeschrauft an um Dreckstipp opgestallt, den Hitler als Iesel op de Kierchendaach gemoolt, asw. Mä wat d'Repressioun méi staark gouf, an dat Ganzt eng douteescht Saach gouf, wat ee sech huet misse méi straff organiséieren an och ofsécheren.

Dofir hunn déi 4 uewen ernimmt Mëtt Juni 1941, zesumme mam Henri Jung an der Anna Arensdorff (dem Raymond Arensdorff senger Mamm), d'Alweraje gegrënnt. Si hunn um Schëfflenger Kierfecht an enger Grafkapell eng geheim Dréckerei installéiert. Do hu si am Ufank kleng Fluchblieder gedréckt, sougenannt Papillions (z. B. mam gemoolte Portrait vun der Groussherzogin Charlotte), mä geschwë gouf et méi laang Trakten (dee fir déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 gouf zu 10.000 Exemplairë gedréckt), déi zweemol am Mount erauskoumen, an "Ons Zeidong - o'ni Maulkuerf" als Titel haten.

D'Haaptzil war, der Propaganda vun der VDB eng Stëmm entgéint ze sëtzen, d'Leit opzeklären, wat fir Konsequenzen et hätt, wa si an där enger oder anerer däitscher Organisatioun géife Member ginn, an einfach och, fir seng Roserei a Frustratioun géintiwwer engem iwwerstaarke Géigner Loft ze maachen; dat ze soen, wat soss verbuede war.

D'"Zeidong"e goufen iwwer e Reseau vu Leit am ganze Minett an och driwwer eraus verdeelt. Och zu den anere Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen hat d'Alweraje Kontakter, z. B. wann et drëm goung, fir Leit iwwer d'Grenz ze schleisen, oder fir Trakten a grousse Quantitéiten ze produzéieren an ze verdeelen. Si stoung och a Verbindung mat Reseauen am Saarland, der Ruhr dem belsche Grenzgebitt a Loutrengen.

D'Alweraje hat bis zu 400 Memberen, déi aus alle Gesellschaftsschichte koumen. No an no sinn, wéi fir déi aner Resistenzreseauen och, aner Aktivitéiten derbäikomm, z. B. englesch oder kanadesch Piloten, deenen hire Fliger erofgeschoss gouf, ze verstoppen.

Den 19. August 1942 huet d'Gestapo, op Hiweiser vun engem Verréider hin, 15 Memberen, dorënner e puer vun den Haaptleit vun der Alweraje gefaange geholl. Zwee vun hinnen, de Raymond Arensdorff an den Nicolas Schaack, hunn hir Gefaangenschaft am KZ net iwwerlieft. Anerer hate méi Chance, si konnte sech an d'Ausland ofsetzen, oder hunn an anere Resistenzreseaue virugemaach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Albert Wingert: Le groupe de résistance et d'action Alvérage. Tiré à part s.d., s.l. (1960).
  • Marc Limpach, Marc Kayser: Wir glauben an die Demokratie. Albert Wingert, Resistenzler. Eine Monographie., Éditions Lëtzebuerger Land, Lëtzebuerg, 2004.
  • "Albert Wingert, héros à l'eau de rose" / Henri Wehenkel. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 243 (Febr. 2005), p. 45-47, ill.
  • "Luxemburger Resistenz und demokratischer Antifaschismus: Albert Wingert und die ALWERAJE: Anmerkungen zu Henri Wehenkels Rezension des Buches Wir glauben an die Demokratie - Albert Wingert, Resistenzler / Marc Kayser, Marc Limpach. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 244 (März 2005), p. 47-51, ill.
  • "Zu den Vorwürfen an Albert Wingert" / Marc Kayser, Marc Limpach. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 246 (Mai 2005), p. 52-56, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.