Aly Jaerling

Vu Wikipedia
Aly Jaerling
Gebuer 30. Januar 1948
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei ADR

Den Alphonse ("Aly") Jaerling, gebuer den 30. Januar 1948 zu Esch-Uelzecht, ass e fréierer lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Den Aly Jaerling war vum 10. Oktober 1993 bis den 31. Dezember 1999, an duerno vum 17. Juni 2000 bis den... am Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

Den Aly Jaerling gouf den 13. Juni 1999 am Walbezierk Süden op der Lëscht vun der ADR an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 gouf hien erëmgewielt. Den 1. Mee 2006 huet de Jaerling d'ADR verlooss, well e kritiséiert huet, datt d'ADR hir ursprénglech Raison d'être, d'Rentereform, ëmmer méi vernoléissegen a sech op nationalistesch Theeme konzentréiere géif.[1] Bis zum Enn vu sengem Mandat blouf hien als onofhängegen Deputéierten an der Chamber.

Fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 hat hien eng eege Lëscht an de Walbezierker Norden a Süden (wou hie Spëtzekandidat war), wéi och fir d'Europawalen opgesat: D'Biergerlëscht. Hie gouf net gewielt.

Gewerkschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Hie war Sozialsekretär vun der Neutraler Gewerkschaft Lëtzebuerg.

Soss Mandater[änneren | Quelltext änneren]

Bis zu senger forcéierter Demissioun[2] am Oktober 2012 war hie President vun der Lëtzebuerger Keele-Federatioun. Wéinst Fälschung vun Dokumenter am Kader mat senger fréierer Funktioun an enger europäescher Keelesport-Gesellschaft gouf hien den 1. Februar 2018 zu engem Joer Prisong mat Sursis verurteelt[3].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Jaerling prend la tangente", PaperJam.lu, 2006-04-21.
  2. rtl.lu: Aly Jaerling: Sue vun int. Keelenassociatioun verontreit?, 4. Dezember 2012.
  3. Aly Jaerling zu engem Joer Prisong mat Sursis verurteelt op rtl.lu den 1. Februar 2018.
  4. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004