Alyse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Alyse ass eng kleng Baach an de franséischen Ardennen, an an der belscher Provënz Namur. Et ass e lénksen Niewefloss vun der Meuse.
Si huet hir Quell op der belsch-franséischer Grenz, a mécht och praktesch op hirem ganze Laf d'Grenz tëscht den zwee Länner. De gréissten Deel vun hirem Baseng, si Bëscher. Si leeft vu Westen no Osten tëscht de Gemenge Fumay, a Frankräich a Viroinval an der Belsch, fir zu Fumay an d'Meuse ze lafen.
Et ass eng Frellebaach an huet eng gutt Waasserqualitéit. A Frankräich ass se op hirer ganzer Längt als Cours d'eau de première qualité klasséiert.
Si ass ronn 10 km laang, an hire Code a Frankräich ass B7050480.
[änneren] Um Spaweck
| Nieweflëss vun der Meuse | |
|---|---|
| Lénks : Alyse - Andon - Aroffe - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq | |
| Riets : Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne | |
| Kuckt och : Baseng vun der Meuse | |