Amaury vu Marchant an Aansebuerg (1849)

Vu Wikipedia
Amaury vu Marchant an Aansebuerg
Gebuer 16. August 1849
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Gestuerwen 8. Abrëll 1926
Bréissel
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Politiker
Famill
Kanner Gaston d'Ansembourg

De Grof Amaury vu Marchant an Aansebuerg gebuer de 16. August 1849 zu Sint-Josse-ten-Noode a gestuerwen den 8. Abrëll 1926 zu Bréissel war Schlasshär zu Aansebuerg. De Grof Amaury krut duerch e Gesetz vum 1. Mäerz 1882 d'lëtzebuergesch Nationalitéit.

Hie war de Jong vum Grof Guillaume a senger Fra der Baronne Juliette de Bagenrieux de Lanquesaintourg, an hie gouf den 18. Januar 1882 zu Schaerbeek mat der Baronne Augusta d'Anethan (1863-1951), der Duechter vum Barong Auguste d'Anethan an der Isabelle Mosselman du Chenoy, bestuet.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

  • de Grof René (1883-1953)
  • d'Gräfin Juliette vu Marchant an Aansebuerg (1884-1971)
  • d'Gräfin Héléne vu Marchant an Aansebuerg (1885-1941)
  • d'Gräfin Gabrielle vu Marchant an Aansebuerg (1887-1979)
  • de Grof Gaston (1891-1957),
  • de Grof Pol (1892-1893)
  • d'Gräfin Jeanne vu Marchant an Aansebuerg (1894-1895)
  • de Grof Raymond (1897-1959),
  • de Grof Victor (1898-1980),