Amazonas

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Location South America.png Dëse Geographiesartikel zu Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Amazonas an seng Zouleef

Den Amazonas (port. "Rio Amazonas") ass e Floss a Südamerika. Wat seng Längt betrëfft (an domat och seng Rangfolleg als längsten oder zweetlängste Floss am Verglach mam Nil) gëtt et widderspréchlech Berechnungen. Zur Zäit geet ee vun enger Gesamtlängt vu 6.400 km aus, rechent een awer d'Quellflëss dobäi, da kéim ee souguer op 7.250 km. Hien évakuéiert dat meescht Waasser, méi Waasser wéi den Nil, de Mississippi an de Yangtse zesummen, am Ganzen ee Sechstel vun alle Flëss weltwäit. An den Amazonas mënden ongeféier 10.000 Flëss. De Floss ass a Brasilien meeschtens e puer Kilometer breet, mä d'Breet changéiert ofhängeg vun de Nidderschléi an den Uewerleef. Zu Zäite vu staarke Nidderschléi kann den Amazonas d'Bëscher un den Uwänner bis zu 100 km iwwerschwemmen.

Commons: Amazon River – Biller, Videoen oder Audiodateien