Ambo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Ambo ass e Liespult (Riednerpult) a kathoulesche Kierchen a Kapellen. Vun do aus ginn d'Liesung an d'Evangelium virgedroen an d'Priedegt an d'Fürbitte gi vum Ambo aus gehalen. Amboe gouf et schonns an der fréier Kierch, mä se si lues a lues aus dem Gebrauch komm. Eréischt no der Liturgiereform, no där de Priedegtstull net méi benotzt gouf, goufen s'als Dësch vum Wuert nees agefouert. Dofir gëtt den Ambo och haut nach dacks Priedegtstull vernannt.

Den Ambo steet bal ëmmer am Chouer riets oder lénks, e bësse virum Altor. Ganz dacks bilden Ambo, Altor, Tabernakel, an nach aner Géigestänn am Chouer, eng Eenheet, déi vun engem selwechte Kënschtler geschafe gouf.

Ambo an der Kierch zu Rëmerschen
Ambo an der Kapell zu Bouferdeng
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen