Amerikanescht Monument um Montfaucon

Vu Wikipedia
Amerikanescht Monument um Monfaucon

D'amerikanescht Monument um Montfaucon, World War I Montfaucon American Monument, ass e Monument dat un d'Victoire vun den amerikaneschen Truppen an der Meuse-Argonne-Offensiv am Éischte Weltkrich erënnert. Et steet zu Montfaucon-d'Argonne am Departement Meuse ronn 11 km vum Amerikanesche Kierfecht vu Romagne-sous-Montfaucon, Meuse-Argonne American cemetery and memorial, an 33 km nordëstlech vu Verdun.

D'Monument ass eng am Granit gebauten doresch Sail, op där eng Statu steet déi d'Fräiheet symboliséiert. Et ass 60 Meter héich a steet op der Plaz vum zerstéierten Duerf Montfaucon.

Op de Mauere vum Foyer ass eng Kaart agravéiert déi d'Operatioune vun den Truppen tëscht dem 26. September an dem 11. November 1918 beschreift, wéi déi 1. amerikanesch Arméi, d'Preisen aus hire Stellungen un der Front verdriwwen huet.

D'Plattform uewen um Monument bitt eng Iwwersiicht iwwer d'Schluechtfeld. Et muss en 234 Träppleken eropklamme fir dohin ze kommen.

D'Monument gouf sonndes den 1. August 1937 a Presenz vum franséische Staatspresident Albert Lebrun ageweit. De President vun de Vereenegte Staaten, den F.D. Roosevelt, huet zu Washington eng Ried gehalen déi direkt op de Montfaucon iwwerdroe gouf.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) Nicolas HONECKER, Les Visites des Chefs d'Etat Français en Lorraine, Éditions Lacour, 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amerikanescht Monument um Montfaucon – Biller, Videoen oder Audiodateien