Amor-Asteroid

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Amor-Typ)
Den Amor-Asteroid Eros (433)

Asteroide vum Typ Amor-Asteroid hu Bunnhallefachse baussent der Äerdbunn a Bunnexzentrizitéiten, déi net duergi fir awer e Perihel bannent der Äerdbunn z'erreechen. Si ginn nom Asteroid (1221) Amor genannt, deen 1932 entdeckt gouf a sech op engem Ofstand vun 1,08–2,76 AE ëm d'Sonn beweegt. Den noosten Ofstand zu der Sonn – de Perihel – ass bei deem Bunntyp tëscht 1,017 an 1,3 AE. D'Amor-Asteroide kräizen also net d'Äerdbunn, kënnen hir awer vu baussen no kommen. Fréier Vertrieder vun där Grupp sinn den 1898 entdeckten (433) Eros, dee bis op 0,15 AE un d'Äerdbunn erukoum, souwéi de (719) Albert an den (887) Alinda. De gréisste Vertrieder vun där Grupp ass mat 38 km Duerchmiesser den Asteroid (1036) Ganymed.

Amor-Asteroide loosse sech jee no Längt vun hire Bunnhallefachsen a véier Ënnergruppen andeelen:

  • Amor I: Zu dëser Grupp gehéieren d'Amor-Asteroiden, deenen hir Hallefachsen tëscht Äerd- a Marsbunn (1–1,52 AE) leien. Ausserdeem hunn Amor-I-Objeten déi klengst Exzentrizitéit vun allen Asteroide vum Amor-Asteroid. Wéinst deene Bunneegenschafte kräize verschiddener vun dësen Objeten net d'Marsbunn. Amor-I-Asteroiden, déi eng Bunnhallefachs no bei der Äerdbunn hunn, huele wéinst der relativ klenger Exzentrizitéit eng äerdänlech Ëmlafbunn un a ginn doduerch och zu den Arjuna-Asteroide gezielt. Knapps 20 % vun allen Amor-Asteroide gehéieren zum Amor-I-Typ.
  • Amor II: D'Hallefachse vun den Objete vun deem Subtyp leien tëscht der Marsbunn (1,52 AE) an dem bannenzege Rand vun der Haaptceinture bei 2,12 AE an hir Bunnen hunn Exzentrizitéite vun 0,17 bis 0,52. Si kräizen dofir d'Marsbunn, an hiren Aphel läit meeschtens banne vun der Haaptasteroidenceinture. Ongeféier een Drëttel vun den Amor-Asteroide gehéieren zu där Grupp, dorënner och deen, no deem d'Grupp genannt gëtt, den (1221) Amor.
  • Amor III: Amor-III-Asteroiden hunn Hallefachsen, déi mat Längten tëscht 2,12 an 3,57 AE banne vun der Haaptasteroidenceinture leien. Allerdéngs sinn hir Exzentrizitéiten (0,4–0,6) grouss genuch, datt hire Perihel an der Géigend vun der Äerdbunn, an hiren Aphel bis zu engem AE zum Jupiter leie kann. Zu där Grupp gehéiere ronn d'Hallschent vun allen Objete vum Amor-Asteroid. Dorënner och de gréissten Amor-Asteroid (1036) Ganymed. Verschidde Membere vun der Amor-III-Grupp stinn an 3:1-Resonanz zum Jupiter a ginn dofir zu den Alinda-Asteroide gezielt, zu deenen och e puer Apollo-Asteroide gehéieren.
  • Amor IV: Zu där Grupp gehéieren Amor-Asteroiden deenen hir Hallefachs déi aner Säit vun der Haaptasteroidenceinture läit. Wéinst hiren héijen Exzentritéiten (0,65–0,75) féiert hir Bunn si souwuel an Äerdbunngéigend wéi och a Gebidder baussen der Jupiterbunn. De bekanntste Vertrieder ass den Asteroid (3552) Don Quixote.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amor-Asteroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien