Amphitrite

Vu Wikipedia

D'Amphritrite war an der griichescher Mythologie eng Mieresgëttin, Duechter vum Nereus a vun der Doris (oder och: vum Okeanos an der Tethys), war also entweeder eng Nereïd oder Okeanid.

Si huet de Poseidon bestuet, dee si verfollegt an entfouert hat, an huet mat him ein Rëtsch Kanner kritt, ënner anerem den Triton.

En Deel vun der Iwwerliwwerung erzielt, d'Amphitrite wier fir d'éischt virum Poseidon fortgelaf, wier awer vun engem Delphin erëmfonnt ginn, dee se dozou iwwerriet huet zeréckzegoen. Den Delphin soll doropshin als Stärebild un den Himmel versat gi sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amphitrite – Biller, Videoen oder Audiodateien