Amélie Picard

Vu Wikipedia
Amélie Picard
Gebuer 16. Mäerz 1832
Gestuerwen 29. Mee 1910
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Papp Jean-Pierre Picard

D'Amélie Marie Emmanuelle Picard, gebuer de 16. Mäerz 1832 zu Simmer a gestuerwen den 29. Mee 1910 zu Arel, war eng lëtzebuergesch Autorin.[1]

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Amélie Picard war d'Meedche vum Jean-Pierre Picard. Als Kand huet si op der Simmerschmelz gelieft, bis datt hir Elteren op Saint-Léger geplënnert sinn wéi si 17 Joer al war. De 17. Abrëll 1861 huet si sech mam Gérard Joseph Struman (1818-1881), engem belschen Dokter, bestuet, mat deem si sech zu Hollogne-aux-Pierres installéiert huet. Nom Doud vun hirem Mann ass si bei hire Brudder Théophile Picard, dee Paschtouer zu Namur war, gezunn. A wéi hie sech op Saint-Léger zeréckgezunn huet, ass si mat dohi gaangen. Hir lescht Joren huet si zu Arel verbruecht, wou si och gestuerwen ass. Begruewe gouf si awer zu Saint-Léger den 31. Mee 1910.[2]

D'Amélie Picard war d'Schwëster vum Lambert Picard.

Hiert Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Eng ausféierlech Lëscht vun de Publikatioune vun der Amélie Picard (Mme Struman; Struman-Picard) ass vum Martin Blum[3] publizéiert ginn, eng méi selektiv vun der Germaine Goetzinger[4].

D'Amélie Picard huet op Franséisch geschriwwen, virun allem Poesie. 1874 huet si zesumme mam Godefroid Kurth (1847-1916) zu Bréissel eng Anthologie belge publizéiert.

Hiert Wierk Gouttes de rosée. Suivies de: Innocence et repentir, Drama an dräi Akten, koum 1859 beim J. Bourger zu Arel eraus a konnt an der Stad an der Librairie Pierre Bruck fir 1,50 Frang kaaft ginn.[5]

Wéinst der Verbonnenheet mat der Géigend, wou si opgewuess war, déi sech an hire Gedichter erëmgespigelt huet, ass d'Amélie Picard als “die Dichterin des Eischtals“ an d'Lëtzebuerger Literaturgeschicht agaangen.[6]

Am Kader vun enger Konferenz iwwer den Äischdall, déi de Prof. Schwindt[7] am November 1932 an der Simmerschmelz gehalen huet, huet hien an engem patheteschen Toun un den 100. Gebuertsdag vun der Amélie Picard erënnert, “die vor 100 Jahren auf Simmerschmelz geborene größte luxemburgische Dichterin, (…), eine glühende Patriotin, die mit allen Fasern ihres Herzens an der alten Heimat hing, die sie ungewollt im zarten Alter von 17 Jahren verlassen mußte. Ihre Werke, die in der großen Auslandspresse ehrende Anerkennung fanden, und ihr sogar königliche Ehren einbrachten, sind fast alle von einer seltenen Vaterlandsliebe durchwoben und getragen.” “Jedermann”, huet et am Zeitungsbericht iwwer d'Konferenz geheescht, “war denn auch mit Herrn Professor Schwindt voll und ganz einverstanden, als er zum Schlusse seines Vortrags mit begeisterten Worten darauf hinwies, daß es Zeit geworden, diese hochedle und hochverdiente Luxemburgerin der Vergessenheit zu entreißen und ihr den ihr zustehenden ehrenvollen Platz in der Reihe unserer besten Nationaldichter zu sichern,…”.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1: A-L. München, Kraus International Publications, XXXIII-756 S.
  • Geneanet, 2012: "Amélie" Marie Emmanuelle Tante Mimique. [4] (opgeruff den 18.04.2012).
  • Goetzinger, G., 2012: Picard, Amélie. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 16. Februar 2012. [5] [opgeruff den 18. Abrëll 2012]. (fr)
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S.
  • Hess, Jos, 1954. Les Picard de Septfontaines. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, 6, S. 355-372. [6]
  • Schmit, S., 2003. Amélie Picard, poétesse de Septfontaines. In: … am Äischdall (2003) Nr. 1, S. 4

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geneanet 2012; Goetzinger & Conter 2010, S. 480-481; Hess 1954, S. 362-367; Blum 1981, S. 268-269.
  2. Am Mee 1948 huet et an der Zeitung geheescht, den ale Kierfecht vu Saint-Léger, deen zanter 40 Joer net méi benotzt gi wier a wou d'Amélie Picard leie géif, géif zu aneren Zwecker gebraucht ginn. Op Wonsch kéint den Inhalt vun de Griewer an d'Grafsteng op deen neie Kierfecht transferéiert ginn. — Tageblatt 1948, Nr. 108 (12. Mai), S. 4 (Von der Grenze).[1]
  3. Blum 1981, S. 268s.
  4. Goetzinger 2012.
  5. Luxemburger Wort 1859, Nr. 89 (6. November), S. 4
  6. Luxemburger Wort 1932, Nr. 205/206 (23./24. Juli), S. 6 (Lokal-Chronik: Simmern, 23. Juli.) [2]. Kuckt och: Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 71. Cf. Schmit 2003.
  7. Jean Schwindt, Professer zu Jambes (Namur), gebierteg vu Simmer, Auteur vun: Geschichte der Dynasten von Simmern und Ansemburg. Luxemburg: G. Soupert, 1930, 153 S. (cf. Hess 1954, S. 371).
  8. Ueber Geschichtliches und Wirtschaftliches des Eisch-Tales. Konferenz des Herrn Ehrenprofessors Schwindt, Simmern, im Hotel-Restaurant Simmerschmelz. Luxemburger Wort 1932, Nr. 337 (2. Dezember), S. 4. [3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • GeneaNet. Asbl Familiale Picard Rogier: Picard [7]