Anamorphos

Vu Wikipedia
En anamorphotescht Bild vum Holbein dem Jéngeren

Eng Anamorphos, aus dem Griicheschen anamórphōsis „Ëmgestaltung“, ass e Bild, dat op eng Manéier duergestallt ass, déi et nëmme schwéier oder guer net erlaabt ouni Hëllefsmëttel z'erkennen, wat drop ass.

Dat Hëllefsmëttel kann eng Lëns, e gebéite Spigel oder en ongewéinleche Bléckwénkel sinn.

E relativ einfacht Beispill ass dem Hans Holbein dem Jéngere säi Bild Die Gesandten aus dem Joer 1533. Den Doudekapp an der Mëtt ënnen ass ze gesinn, wann d'Bild mat bloussem A an engem spatze Wénkel vu lénks ganz ënne gekuckt gëtt.

Ee Beispill aus dem Alldag si Markéierungen op de Stroossen (Zuelen, Feiler, Foussgängersträifen etc.), déi anamorphotesch opgemoolt sinn, well en Autoschauffer se aus engem flaache Wénkel erkenne muss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anamorphosis – Biller, Videoen oder Audiodateien