Ananke-Grupp

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de baussenzege Jupitermounden (a Mio. km, horizontal Achs) géint hir Bunneschréiegt (an °, Hallefbéi) ofgedroe ginn. D'Gréisste vun de roude Kreesser sollen nëmmen déi relativ Moundradien illustréieren a stëmmen net no der Mooss zu de Bunnelementer. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem Jupiternächsten respektiv -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer. De Kallisto ass als Referenzgréisst uginn
Detailusiicht vun der Ananke-Grupp aus dem ieweschten Diagramm. Et erkennt een, datt d'Satellitte vun dëser Grupp Bunnnschréiegten ëm 149° hunn a ronn 21 Mio. km vum Jupiter ewech sinn

D'Ananke-Grupp ass eng Grupp vu Mounde vum Planéit Jupiter, déi sech op ähnleche Bunne beweegen.

Déi grouss Hallefachse vun hire Bunne verlafen dobäi tëscht 19,3 an 22,7 Millioune km, hunn Exzentrizitéiten tëscht 0,02 an 0,28 souwéi Bunnschréiegten tëscht 145,7° an 154,8° géint de lokale Laplaceplang, deen op dëser Distanz vum Planéit graff mam Bunneplang vum Jupiter zesummefällt. D'Mounde beweege sech retrograd ëm de Planéit, dat heescht entgéint der Rotatiounsrichtung vum Jupiter. Well déi maximal Planéitenofstänn vun de Gruppemembere bis zu 50 % vum Hill-Radius ausmaachen, si retrograd Bunnen op där Distanz vum Jupiter laangfristeg wiesentlech méi stabil.

D'Zuel vun de Membere läit tëscht 8 an 16, jee nodeem, wéi d'Definitioun vun der Grupp festgeluecht gëtt.

Déi aacht Mounden, déi ëmmer zu der Grupp gezielt ginn, sinn (der Rei no vum Jupiter aus gesinn):

Déi aacht aner Mounde sinn:

D'International Astronomesch Unioun vergëtt fir déi retrograd Mounde vum Jupiter Nimm mat der Endung e.