Anden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Anden sinn déi längste Gebiergskette vun der Welt (ca 7000 km). Se zéie sech laanscht d'Westküst vu Südamerika vu Venezuela iwwer Kolumbien, Ecuador, Peru, Bolivien, Argentinien an Chile. Se bestinn aus 2 oder méi parallelen Haaptketten. Am mëttelste Segment a Peru, Bolivien, Nordchile an Nordargentinien leien déi Kette wäit auserneen, se ëmkreesen d'Héichland (Altiplano), wou matzen dran den Titicaca-Séi läit. D'Zentrum vum Inkaräich, Cuzco, läit nërdlech vum Héichland.
Am Süde vun Ecuador sinn d'Ande bis 200 km breet; tëschent Arica (Chile) a Santa Cruz de la Sierra (Bolivien) am Oste sinn se iwwer 600 km breet.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Bierger
Den héchtse Bierg, den Aconcagua ass 6.962 m héich . E läit an Argentinien un der Grenz zu Chile.
[änneren] Bekannt Bierger vun den Anden
| Aconcagua | 6.962 m | Argentinien | |
| Nevado Huascarán | 6.768 m | Peru | |
| Alpamayo | 5.947 | Peru | |
| Nevado Yerupajá | 6.634 m | Peru | |
| Nevado Illimani | 6.483 m | Bolivien | |
| Huayna Potosí | 6.088 m | Bolivien | |
| Cerro Torre | 3.133 m | Argentinien |
[änneren] Vulkaner
D'Anden an d'mëttelamerikanesch Kordilleren hu staark seismesch a vulkanesch Aktivitéiten. Déi héichste Vulkaner vun der Welt sinn do ze fannen: De 6.795 m héije Monte Pissis an Argentinien an den 6.864 m héijen Ojos del Salad (Argentinien-Chile). Vulkanesch Phänomeener, wéi Solfatar, Geysir a Fumarole si wäit verbreet.
- Bekannt aktiv Vulkaner
| Cotopaxi | 5.897 m | Ecuador | |
| Tungurahua | 5.010 m | Ecuador | |
| Pichincha | 4.784 m | Ecuador | |
| Villarrica | 2.840 m | Chile |
[änneren] Wéi sinn d'Anden entstanen?
D'Ande sinn ongeféier 60 Millione Joer al.