Anders Celsius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Fir aner Bedeitunge vu "Celsius", kuckt: Celsius.
Den Anders Celsius, gebuer de 27. November 1701 zu Uppsala, a gestuerwen de 25. Abrëll 1744 zu Uppsala, war e schwedeschen Astronom, Mathematiker a Physiker.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Säi Liewen
Hien huet op der Universitéit Uppsala studéiert a gouf do am Joer 1730 Professer. 1736 huet hien dann un enger Expeditioun zwecks Vermiessung vun der Äerdform deelgeholl. 1741 huet hien deen éischte schwedeschen Observatoire zu Uppsala fäerdeg gestallt. Den Celsius war ausserdeem och Poet an Autor.
Den Celsius war den Éischten, deen d’Hellegkeet vun de Stäre miesstechnesch ënnersicht huet an hien huet och erausfonnt, datt d’Polarliichter d’Magnéitfeld vun eiser Äerd stéieren.
Den Anders Celsius ass un Tuberkulos am Alter vun 43 Joer gestuerwen a läit an der Kierch vu Gamla Uppsala begruewen.
[änneren] Temperaturskala vum Celsius
Den Celsius definéiert 1742 déi no him benannten Temperaturandeelung Grad Celsius. Am Géigesaz vun déier haut aktueller Celsius-Skala huet hien de Siedepunkt vum Waasser mat 0° an den Gefréierpunkt mat 100° festgeluecht. Eréischt säi Schüler Carl von Linné huet am Joer 1745 kuerz nom Doud vum Celsius d’Skala ëmgedréint. Haut gëtt si ausschliisslech an der leschter Form gebraucht. Revolutionär war, datt den Celsius virgeschloen hat, si als universell Skala ze benotzen, fir Temperaturen an der ganzer Welt ze vergläichen: Am Géigensaz zu anere Fuerscher notéiert hien déi genee Bestëmmunge vu Fixpunkten an och de Loftdrock (760 mm op der Quecksëlwersäil) a leet genee Miessbedingunge fest.
1948 gouf d’Temperaturskala vun der 9. Generalkonferenz fir Mooss a Gewiicht am Undenken un den Anders Celsius an Celsius-Skala ëmbenannt. Den Originalthermometer kann haut am Universitéitsmusée vun Uppsala, dem Gustavianum, besicht ginn.
[änneren] Literatur
- Olof Beckman: Anders Celsius. Universitet, Uppsala 2003, ISBN 91-554-5661-8
- Horst Kant: Gabriel Daniel Fahrenheit, René-Antoine Ferchault de Réaumur, Anders Celsius. Teubner Verlag, Leipzig, 1984
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Anders Celsius – Biller, Videoen oder Audiodateien |