Anders Fogh Rasmussen
Den Anders Fogh Rasmussen [ˈanɐs fɔ ˈʁasmusn̩], gebuer de 26. Januar 1953 zu Ginnerup, Jütland, ass en dänesche Politiker.
De Rasmussen gouf mat 25 Joer fir d'éischt an de Folketing, d'dänescht Parlament, gewielt. Vun 1987 bis 1990 war e Minister fir Steieren an der Regierung vum Poul Schlüter,vun 1990 un zusätzlech Wirtschaftsminister. 1992 huet e missen als Minister zerécktrieden wéinst "Dysfonctionnementer", wat d'Kontabilitéit vu sengem Ministère ubelaangt huet.
Hie war vun 1998 bis 2009 President vun der rietsliberaler Venstre-Partei a vun 2001 bis 2009 Ministerpresident vun Dänemark. Zënter dem 1. August 2009 ass hie Generalsekretär vun der NATO.
| Commons: Anders Fogh Rasmussen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck[änneren]
- Homepage (da)
- Biographie (en)
- Gunnar Herrmann: Rasmussen im Potrait. Der Bündnis-Experte"; Süddeutsche Zeitung vum 7. Mäerz 2009
Hastings Lionel Ismay - Paul-Henri Spaak - Dirk Stikker - Manlio Giovanni Brosio - Joseph Luns - Peter Carington - Manfred Wörner - Willy Claes - Javier Solana - George Robertson - Jaap de Hoop Scheffer - Anders Fogh Rasmussen