André-Marie Ampère

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum André-Marie Ampère

Den André-Marie Ampère, gebuer den 22. Januar 1775 zu Poleymieux-au-Mont-d'Or bei Lyon a gestuerwen den 10. Juni 1836 zu Marseille, war e franséische Mathematiker a Physiker.

Den André-Marie Ampère war Professer fir Physik, Astronomie a Philosophie zu Paräis. Hien huet Grondlagen an der Mathematik (Probabilitéit an Differentialrechnen) an an der Chimie (Affinitéit a Volume vun de Gasen) erschafft an huet och Recherchen iwwer elektromagnéitesch Phenomener gemaach.

Mat sengen Experimenter an Iwwerleeunge sinn dem Ampère revolutionär physikalesch Entdeckunge gelongen.

Hie gouf zum Grënner vun der Elektrodynamik, op där hirer Uwendung och haut nach de Fonctionnement vun allen Generatoren a Elektromotore berout.

Zu sengen Éiere gouf d'Eenheet vun der Stäerkt vum elektresche Stroum Ampère benannt.

Den André-Marie Ampère ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André-Marie Ampère – Biller, Videoen oder Audiodateien