André Danjon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
André Danjon

Den André-Louis Danjon gebuer de 6. Abrëll 1890 zu Caen, Frankräich a gestuerwen den 21. Abrëll 1967 zu Suresnes, Hauts-de-Seine[1] war e franséischen Astronom.

Den Danjon hat eng Method fir d'Miesse vum Widderschäin vun der Äerd op den Äerdmound entwéckelt. Hien huet en Teleskop mat engem Prisma gebraucht, dat d'Liicht vum Mound an zwee identesch Liichtbëndelen opgedeelt huet, sou datt zwee identesch Biller vum Mound niewenenee gemaach goufen. Mat enger Blend gouf eent vun de Biller sou wäit ofgedonkelt, datt d'sonnebeschéngte Moundsäit déiselwecht Hellegkeet hat wéi déi nëmme vum Äerdschäin beliicht Moundsäit am net ofgeblennte Bild.

Mat där dofir noutwendeger Ofblendung krut den Danjon e quantitative Moosswäert fir d'Hellegkeet vun der Äerd, vum Mound aus gesinn. Den Danjon huet ënner anerem (ofhängeg vun der verännerlecher atmosphärescher Verschmotzung) d'Hellegkeet vun der Äerdatmosphär an dem Kärschied vun der Äerd ofgelenktenem Liicht bei enger totaler Mounddäischtert gemooss. Dës huet hien an enger no him benannten Danjon-Skala zesumme gefaasst, déi vun 0 (ganz donkel) bis 4 (ganz hell) reecht.

Den André-Louis Danjon gouf am Joer 1958 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. Him zu Éieren huet den Asteroid (1594) Danjon säin Numm, genee wéi de Moundkrater Danjon.

Hie war vun 1929 bis 1945 Direkter vum Stroossbuerger Observatoire, a vun 1945 bis 1963 vum Paräisser Observatoire.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) [1] Säi Liewen
  • (de) [2] Lexikon iwwer d'Mounddäischtert

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]