André Hentges

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den André Hentges gebuer den 22. August 1843 zu Allënster a gestuerwen 1920 zu Paräis war e lëtzebuergesche Sportler am Ringen a Gewiichthiewen.
Mat zwee Jor ass hie mat senger Famill op Waldbëlleg geplënnert. 1852 ass hie mat sengem Papp op Paräis wunne gaang.

No senger Schoul huet hien do als Steemetzer geschafft. A senger Fräizäit huet hie mat mat vill sportlechem a finanziellem Erfolleg Ringsport gedriwwen a gouf ënner sengem Kënschtlernumm André Lacaisse an der Ringerzeen eng Vedette. Duerch seng Renommée gouf hien no senger sportlecher Carrière, Impresario vun de Sportspektakele vun de Folies-Bergère vun 1873 bis de Moment wou d'Haus sech nëmme méi op erotesch Revuen a Varietéspektakele spezialiséiert huet.

Zäitliewens war den André Hentges sentimental mat sengem Heemechtsduerf verbonnen an huet Waldbëlleg bei sengen heefege Visitten, déi lescht zwanzeg Joer vu sengem Liewen, bedeitend Donen gemaach. Ënneranerem huet hien 1902 d'Harmonie vu Waldbëlleg gegrënnt.

Virum Gemengenhaus zu Waldbellëg steet zu senger Erënnerung, nieft der Büst vum Michel Rodange och eng vum André Hentges.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]