André Koch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den André Koch, skulptéiert vum Claus Cito.
Den André Koch, gebuer 1849 zu Schengen, gestuerwen de 17. Abrëll 1932 zu Berg-sur-Moselle,[1] war Mineningenieur an eng Zäit laang Direkter vun der Grouf Kazebierg zu Esch-Uelzecht, déi deemools der Stengeforter Schmelz gehéiert huet.
1901 ass hie Grënnungspresident vum Escher Verschéinerungsveräin, der "Société d'initiatve et d'embellissement d'Esch-sur-Alzette", dee sech ënner anerem fir d'Ariichtung vun engem Stadpark um Gaalgebierg staark gemaach huet.
Zu Esch ass d'"rue André Koch" no him benannt an um Gaalgebierg erënnert d'Monument André Koch un hien.
Referenzen [änneren]
- ↑ Doudesannonce am Escher Tageblatt N°90 vum 18. Abrëll 1932