André Link
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den André Link, gebuer de 4. Dezember 1949 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Auteur.
Beim Concours littéraire national 2004, deen sech mam Roman ofginn hat, krut hien eng Spezialmentioun fir säi Wierk Beim Spielen für Mansfeld. Zwou Spezialmentiounen krut hie beim Concours littéraire national 2006 wou et ëm Theaterstécker gaangen ass: eng fir d'Stéck Dee mam Saxo a Lëtzebuerger Sprooch an eng fir Mano, Boca, Suisse, e Stéck a franséischer Sprooch.
Hien ass Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal a vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
[änneren] Wierker (Auswiel)
- Der Sommer des weißen Jadekaninchens, 1976
- Ich kam zu früh nach Miyajima, Kuerzgeschichten, 2000
- Kleines Luxemburger Kuriositätenbuch mat Zeechnungen vum Carlo Schneider, 2001
- Feuerspiegel, Roman, Op der Lay, Esch-Sauer, 2003, ISBN 978-2-87967-102-4
- De Keller, Drama, Esch-Uelzecht, 2003
- Vom Dekadentempel zur Kulturschmiede. Zweihundert Jahre Theatergeschehen in Luxemburg, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2004
- Engelmann. Monolog für einen Schauspieler, Theaterstéck, 2005
- Auf Winters Schneide, Roman; Lëtzebuerg, 'Éditions Saint-Paul', 2010; 196 Säiten. ISBN 978-2-87963-783-9
- Die große Hatz, Roman; Lëtzebuerg, 'Éditions Saint-Paul', 2012; 192 Säiten. ISBN 978-2-87963-844-7
[änneren] Literatur
- Großherzogliche Märtyrer Kritik vun Auf Winters Schneide, Romain Hilgert, D'Lëtzebuerger Land, 10. Dezember 2010; archivéiert