André Malraux

Vu Wikipedia
André Malraux
Gebuertsnumm Georges André Malraux
Gebuer 3. November 1901
18. Arrondissement
Gestuerwen 23. November 1976
Créteil
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut national des langues et civilisations orientales,
Lycée Condorcet
Aktivitéit Politiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Konschthistoriker, Romancier, Schrëftsteller, Journalist, Konschtkritiker, Prosaist, Dramatiker, Archeolog, Resistenzler
Partei Rassemblement du peuple français
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Sciences, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie
Famill
Bestuet mat Clara Malraux, Madeleine Malraux
Liewenspartner(in) Josette Clotis, Louise de Vilmorin
Geschwëster Claude Malraux, Roland Malraux
Kanner Florence Malraux

De Georges André Malraux, gebuer den 3. November 1901 zu Paräis a gestuerwen den 23. November 1976 zu Créteil, am Val-de-Marne, war e franséische Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Aventurier a Politiker.

Als jonke Mann ass hie mat senger Fra an Indochina gaangen, deels fir u Khmer-Antiquitéiten ze kommen, déi en zu Paräis deier verkafe wollt, deels aus Abenteuerloscht. D'Schmuggelentreprise ass awer schif gaangen, an de Malraux souz 1923-1924 am Prisong. Kuerz duerno huet en zu Saigon bei enger antikolonialistescher Zeitung matgemaach. Nodeems en zeréck a Frankräich war, huet en déi Episod 1930 am Roman La Voie royale verschafft. Hie gouf 1933 mat sengem existenzialistesche Roman La Condition humaine bekannt, woufir en de Prix Goncourt krut.

1936-1937 ass hien an de Spuenesche Biergerkrich gaangen, wou e sech op der Säit vun de Republikaner engagéiert huet. Säi Roman L'Espoir (1937) erzielt dovun, grad wéi de Film Espoir, sierra de Teruel (1938), fir deen en d'Dréibuch geschriwwen a Regie gefouert huet. Virum Zweete Weltkrich ass hie ganz kloer als Antifaschist opgetrueden, huet ë. a. géint d'Münchener Ofkommes protestéiert, mat deem d'Sudetegebidder u Groussdäitschland ofgetruede goufen.

Wärend dem Zweete Weltkrich an der Besatzung vum gréissten Deel vu Frankräich, duerno vu ganz Frankräich, huet hie sech bedeckt gehalen (seng Fra, d'Clara Goldschmidt, vun där hie getrennt gelieft huet, war jiddesch, an d'Koppel hat ee klengt Meedche kritt, dat an der Nazilogik och als Jiddin konnt gëllen), huet awer dunn, 1944 a 1945, aktiv un der Liberatioun vu Frankräich deelgeholl. Hien huet, als Colonel Berger, d'Brigade Alsace-Lorraine ugeféiert, déi bei der Befreiung vum Elsass a vu Stroossbuerg eng wichteg Roll gespillt huet.

Direkt nom Krich huet hie sech am enkste Krees ëm de Generol Charles de Gaulle erëmfonnt. Hien huet sech an deem sengem Rassemblement du peuple français (RPF) engagéiert a gouf Delegéierte beim President vum Regierungsrot (de Generol Charles de Gaulle war dee Moment Chef vun der provisorescher Regierung) a Chargé de l'Information (November 1945-Januar 1946) bis de Generol de Gaulle, dee sech vun der politescher Klass mëssverstane gefillt huet, sech op Colombey-les-Deux-Églises zeréckgezunn huet. Nodeems den De Gaulle 1958, am Kontext vum Algeriekrich, Regierungschef vu Frankräich gi war, gouf de Malraux Minister chargé de la Radio, de la Télévison et de la Presse (Juni-Juli 1958). Wéi de Generol de Gaulle Staatschef vu Frankräich gi war, gouf hie Staatsminister, d'éischt dräi Méint (Januar-Juli 1959) ouni besonnesche Kompetenzberäich, an dunn 10 Joer laang (Juli 1959-Juni 1969) un der Spëtz vum Kulturministère. Hien huet ë. a. derfir gesuergt, datt d'Paräisser Monumenter gebotzt goufen, an hien huet d'Schafe vun de Maisons de la culture ënnerstëtzt.

Als Kulturphilosoph huet hien haaptsächlech Bicher iwwer Konscht geschriwwen, ë. a. d'Serie Essais de Psychologie de l'Art (1947-50), Le Musée imaginaire oder Les Voix du silence (1951). Bekannt sinn och seng Trauerriede fir bekannt Perséinlechkeeten, wéi z. B. fir de Jean Moulin, bei Geleeënheet vum Transfert vun deem senge stierflechen Iwwerreschter an de Panthéon (1964).

1986, fir den 10. Anniversaire vum Malraux sengem Doud, gouf an der Nationalbibliothéik an der Stad eng Ausstellung mat Hëllef vum Kulturminister Robert Krieps a vun der franséischer Ambassade organiséiert: André Malraux parmi nous - Bibliothèque nationale de Luxembourg, 17-30 octobre 1986. Parallel dozou gouf et am Centre culturel français ee Konferenzzyklus mam Jean Lacouture (Biograph), Pierre Bockel (fréieren Aumônier vun der Brigade Alsace-Lorraine) a Philippe de Saint-Cheron (Frënn a Biograph vum Malraux).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Clara Malraux, gebuere Goldschmidt; éischt Fra vum Malraux; d'Florence Malraux war hir Duechter (*1933).
  • Josette Clotis († 1944); Maîtresse vum Malraux; de Vincent an de Gauthier Malraux waren hir Jongen (allebéid 1960 an engem Autosaccident gestuerwen).
  • Madeleine Malraux, gebuere Lioux; Concertspianistin; zweet Fra vum Malraux. Si war dem Malraux sengem Brudder Roland (beim alliéierte Bombardement vun der Cap Arcona an der Deportatioun gestuerwen) seng Wittfra; hire Jong Alain war deemno dem André Malraux säin Neveu a Stéifjong.
  • Louise de Vilmorin; Schrëftstellerin a Frëndin vum Malraux.
  • Sophie de Vilmorin (Niess vun der Louise de Vilmorin); dem Malraux seng lescht grouss Léift.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Lunes en papier, Paris 1921.
  • La Tentation de l'Occident, Paris 1926.
  • Les Conquérants, Paris 1928.
  • Royaume-Farfelu, Paris 1928.
  • La Voie royale, Paris 1930; Prix Interallié 1930.
  • La Condition humaine Paris 1933, Prix Goncourt.
  • Le Temps du mépris, Paris 1935.
  • L'Espoir Paris 1937.
  • La Lutte avec l'ange. A. Skira, Genf 1943, 1948 als Les Noyers de l'Altenbourg a Frankräich.
  • Le Démon de l'Absolu, 1946
  • Esquisse d'une psychologie du cinéma, 1946
  • Psychologie de l'Art: Le Musée imaginaire - La Création artistique - La Monnaie de l'absolu, 1947-1948-1950
  • Les Voix du silence, Paris 1951.
  • Le Musée Imaginaire de la sculpture mondiale: La Statuaire - Des Bas-reliefs aux grottes sacrées - Le Monde Chrétien, Paris 1952-1954.
  • La Métamorphose des dieux, 1957, duerno als Le Surnaturel
  • Antimémoires / Anti-Memoiren, 1967 (éischten Deel vu Le Miroir des Limbes)
  • Les Chênes qu'on abat..., 1971.
  • Oraisons funèbres, 1971.
  • La Tête d'obsidienne, 1974.
  • Lazare, Paris 1974.
  • Hôtes de passage. Paris 1975.
  • La Corde et les souris, 1976 (zweeten Deel vum Buch Le Miroir des Limbes; ënthält 4 Wierker, déi tëscht 1971 an 1975 erauskoumen: Les Chênes..., La Tête..., Lazare an Hôtes...).
  • Le Miroir des Limbes, 1976 (I. Antimémoires + II. La Corde et les souris an Oraisons funèbres).
  • Le Surnaturel, (1977, iwwerschafft Versioun vun La Métamorphose des Dieux)
  • L'Irréel, La Métamorphose des Dieux. II, 1975.
  • L'Intemporel, La Métamorphose des Dieux. III, 1976.
  • L'Homme précaire et la littérature, 1977 (posthum).
  • Lettres choisies (1920-1976); Paräis (Gallimard), 2012.
  • «Non». Fragments d'un roman sur la Résistance. Édité par Henri Godard et Jean-Louis Jeanelle. Éditions Gallimard, Paris 2013

Säi Gesamtwierk ass an der Bibliothèque de la Pléiade erauskomm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaëtan Picon, Malraux par lui-même; Paräis (Le Seuil), 1953.
  • Robert Payne, André Malraux; Paräis (Buchet-Chastel), 1973.
  • Jean Lacouture, Malraux, une vie dans le siècle; Paräis (Le Seuil), 1973.
  • Gast Mannes, Le Je et les autres dans les 'Antimémoires' d'André Malraux; Université de Montpellier, 1974 [= Thèse pour le doctorat de spécialité (3e cycle)].
  • Philippe et François de Saint-Cheron, Notre Malraux; Paräis (Albin Michel), 1979.
  • Roger Stéphane, André Malraux, entretiens et précisions; Paräis (Gallimard), 1984.
  • (Kollektiv - 28 Auteuren), De Gaulle et Malraux - Colloque organisé par l'Institut Charles-de-Gaulle les 13, 14 et 15 novembre 1986; Paräis (Plon & Institut Charles-de-Gaulle), 1987; 323 Säiten. ISBN 2-259-01713-4
  • Pierre de Boisdeffre, André Malraux - La mort et l'histoire; Monaco (Éd. du Rocher), 1996.
  • Olivier Todd, André Malraux, une vie; Paräis (Gallimard), 2001; den Todd kraazt staark um Bild, dat de Malraux vu sech selwer projezéiert huet, a pointéiert villes als méiglecherweis erfonnt.
  • Myriam Sunnen, Malraux et le christianisme; Paräis (Éditions Honoré Champion), 2010. - D'Buch, dat op Basis vun enger Dokterthees (Sorbonne) verfaasst gouf, ass am Dezember 2010 vun der Académie française mam "Prix Émile-Faguet" geéiert ginn.
  • Sophie Doudet, Malraux; Paräis (Gallimard - Folio 'biographies'), 2016.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Malraux – Biller, Videoen oder Audiodateien