André Simoncini

Vu Wikipedia
André Simoncini
Gebuer 21. Februar 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Italien
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Geschäftspersoun, Hotelier, Galerist


Den André Simoncini, gebuer den 21. Februar 1946 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Hotelier, Galerist an Auteur.

Hien huet op der Universitéit Tours/Orléans fir Iwwersetzer an Interpret studéiert an duerno vun 1973 bis 1979 bei der NAMSA zu Capellen geschafft.

1976 huet den André Simoncini den Hotel-Restaurant Français op der Plëss d'Arem iwwerholl an 1981 d'Galerie Simoncini an der Louvignysgaass opgemaach. 1985 huet en d'Éditions Simoncini gegrënnt, e Verlag deen op Poesie a Konscht spezialiséiert ass.

2006 dunn huet hien de fréieren Hotel Schintgen an der Ënneschtgaass iwwerholl a bis 2008 komplett renovéiert. Dunn ass och d'Galerie am Rez-de-chaussée vum Hotel, lo Hotel Simoncini, ënnerbruecht ginn, déi do iwwer déi verschidde Stäck an den Hotel iwwergeet, soudatt een duerch d'ganzt Haus d'Konschtwierker gesi kann.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • André Simoncini, 1977. Aube impalpable. Préf. de Raymond Datheil ; frontispice de Zdenka Datheil. Paris: Éditions Caractères. 74 p.
  • André Simoncini, 1977. Le chagrin strident. Le Temps parallèle 15: 31.
  • André Simoncini, 1984. Versant probatoire. Paris: Éditions Saint-Germain-des-Près. 61 p. ISBN 2-243-02549-3.
  • André Simoncini, 1988. Manuel de l'éphémère. Paris: éd. Saint-Germain-des-Prés. 83 p. ISBN 2-243-03098-5.
  • André Simoncini, 1996. Un an après 1995: il reste à inscrire la Culture dans un vrai projet de société. Le Phare 85: 17.
  • André Simoncini, 1996. Les poèmes de Malika. Luxembourg. 30 p.
  • André Simoncini, 2006. Ecoute. Luxembourg: Éditions Simoncini.
  • Holley Chirot (gravures) et André Simoncini (poèmes), 2021. Le tournoiement des ombres. Galerie Simoncini Éditeur. 78 p. ISBN 978-2-87976-014-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]