André Wynen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den André Wynen gebuer den 8. Dezember 1923 zu Uccle, a gestuerwen den 10. Juni 2007 zu Mont-Godinne war e belschen Dokter, a Resistenzler am Zweete Weltkrich.
Nodeems hie vun den SS-Truppe gefaange geholl gi war, war hie fir d'éischt am Auffanglager Breendonk an duerno am KZ-Buchenwald. Zu Buchenwald krut hien eng Tuberkulosinfektioun, déi hien no dem Krich zwee Joer laang an engem Schwäizer Sanatorium zu Leysin, auskuréiert huet. Am Mäerz 1949 ass hie mat sengem Medezinstudium weidergefuer an huet 1950 säin Ofschlossexame gemaach. Duerno huet hie sech an der Chirurgie spezialiséiert.
Hie war de Grënner a laangjärege President vun der Association des chambres syndicales des médecins an der Belsch.

