Andreas Fickers

Vu Wikipedia
Andreas Fickers
Gebuer 1971
Sankt Väit
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Member vun Academia Europaea

Den Andreas Fickers, gebuer 1971 zu Sankt Väit, ass e belschen Historiker.

Nom Lycée an der Belsch huet hie Geschicht, Philosophie a Soziologie op der RWTH Oochen an op der Universitéit vu Reims studéiert. Hien ass op Wëssenschafts- an Technikgeschicht spezialiséiert, sou wéi och op d'Mediegeschicht. Seng Dokterthees (2002) huet sech mam Theema vun der Standardiséierung vun der faarwescher Televisioun an Europa beschäftegt, eppes, wat allerdéngs näischt ginn ass.

2003 huet hien eng vergläichend Geschicht vun de Medie verëffentlecht.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2003 bis 2007 war den Andreas Fickers Assistent-Professer fir d'Geschicht vun der Televisioun op der Universitéit Utrecht. Vun 2007 bis 2013 war hien associéierte Professer fir vergläichend Mediegeschicht op der Universitéit Maastricht.

Zanter September 2013 schafft hien op der Universitéit Lëtzebuerg als Professer fir Digitalgeschicht an Zäitgeschicht.

Den 1. Juni 2016 gouf bekannt, datt den Andreas Fickers als Direkter vum neigeschafenen Institut fir Zäitgeschicht virgesinn ass.[1]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Andreas Fickers als Direkter nominéiert." 100komma7.lu, 1. Jun 2016 - 17:28.