Andreaskierch zu Uespelt

Vu Wikipedia
Andreaskierch zu Uespelt

Uertschaft / Plaz Uespelt
Par Beetebuerg–Fréiseng
Saint-André
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Koordinaten 49° 31’ 30.1’’ N
      06° 13’ 23.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Andreaskierch zu Uespelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Fréiseng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.

Se läit am Norde vum Duerf an der Péiter vun Uespelt-Strooss. Nieft der Kierch steet d'Schlass vun Uespelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kapell ass zu Uespelt am Joer 1111 fir d'éischt ernimmt ginn.

Am Joer 1514 ass vun den Uespelter Herrschaften Valerian von Busleyden a senger Fra Anna von Kempt eng gréisser Kierch baue gelooss ginn. D'Kierch war am gotesche Baustil, hat awer e romanesche Klackentuerm. Ronderëm dës Kierch war e Kierfecht ugeluecht mat engem Schankenhaischen.

An de Joren 1875-77 ass déi al Kierch mat engem Deel vum Klackentuerm ofgerappt ginn an déi haiteg Kierch ass gebaut ginn. Se ass (verglach mat der aler Kierch) ëm 90 Grad gedréit un deen ënneschten Deel vum ale Klackentuerm ugebaut ginn. Den 19. Juli 1879 huet de Bëschof Adames déi nei Kierch konsekréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andreaskierch zu Uespelt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ostsäit vun der Kierch
Den Haaptagank op der Südsäit