Androgynitéit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Androgyn)

Androgynitéit kënnt aus dem algriicheschen, wou et souvill wéi Mann-Fra heescht an engersäits d'Zweegeschlechtlechkeet undeit an anerersäits op eng Feminiséierung beim Mann oder eng Maskuliniséierung bei der Fra opmierksam mécht. Androgyn(itéit)ie ass an der Populärwëssenschaft an ëmgangssproochlech e vereelsten, mä haut nach gebrauchten Ausdrock fir Mënschen ze beschreiwen, déi sech onbewosst oder och ganz bewosst net prezis engem oder hirem physesche Geschlecht entspriechend behuelen, oder/an anere Mënschen sou virkommen. Sou Leit kënnen Transsexueller oder Intersexueller sinn, mussen awer net.

Androgynt Ausgesinn ass keen zouverlässegen Hiwäis oder Beweis, datt déi Persoun automatesch entweeder eng homosexuell oder transsexuell Roll iwwerholl hätt. Villméi kann d'Androgynitéit vun enger Persoun eppes iwwer hir méiglech psychesch bi-sexuell Uerdnung aussoen, ouni dat dee Mënsch dofir och physesche bisexuellen Austausch praktizéiere muss, wëll, oder och nëmmen a Betruecht zitt.

Am Showgeschäft huet hiert androgynt Ausgesi verschiddene Kënschtler derbäi gehollef u Popularitéit ze gewannen; David Bowie, Grace Jones an d'Amanda Lear, fir der nëmmen e puer ze nennen.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Androgynitéit – Biller, Videoen oder Audiodateien