Andromedagalaxis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vun der Andromedagalaxis
Foto vun der Andromedagalaxis M 31
Stärebild Andromeda (And)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 0h 42m 44.31s
Deklinatioun + 41° 16' 09.4"[1]
Ausgesinn
Hubble SA(s)b LINER
magV +3,5 mag[2]
magB +4,3 mag[2]
Flächenhellegkeet 13,5 mag[2]
Wénkelduerchmiesser 186.2 x 61.7[1]
Gehéiert zu Lokal Grupp
Physikalesch Daten
Distanz 2,5 Mio. Lj
Routverrécklung (−1004 ± 23)  10−6
Heliozentresch radial relativ Vitesse (−301 ± 7) [1]
Duerchmiesser ca. 140.000
Geschicht
Entdecker Al-Sufi
Entdeckungsjoer 905
Katalogbezeechnungen
Bode 3  GC  Flamsteed 58  116, h 50, Ha 3.3  Hevelius 32  IRAS 00400+4059, IRC +40013 ; 2MASX J00424433+4116074; MCG +7-2-16, Messier-Katalog 31, NGC  224, PGC 2557 ; UGC 454.

D'Andromedagalaxis (och Andromedaniwwel genannt) ass eng Spiralgalaxis vum Typ Sb. Si ass am Messier-Katalog als M 31 an am New General Catalogue als NGC 224 agedroen. Um Stärenhimmel ass s'am Stärebild Andromeda ze fannen, no deem se benannt ass. A kloeren Nuechte kann een d'Andromedagalaxis vun enger däischterer Plaz aus mat bloussem A gesinn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxis ass 2,5 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Si huet en Halo-Duerchmiesser vun ongeféier enger Millioun Liichtjoer an ass domat de gréisste Member aus der Lokaler Grupp vu Galaxien. D'Andromedagalaxis huet eng Mass vu ronn 200 bis 400 Milliarde Sonnemassen. Zesumme mat der Mëllechstrooss gehéiert si zu de béide masseräichste Galaxië vun der Lokaler Grupp. D'ganz Mass kann nëmme geschat ginn, well de prozentualen Deel vun Donkeler Matière wann d'Distanz zum Zentrum vun der Andromedagalaxis méi grouss gëtt, spronghaft an d'Luucht geet.[3]

Neist Ënnersich weisen, datt d'Galaxis vun engem risege kugelfërmegen Halo aus dënn verdeelten roude Risestären ëmginn ass. Nach op enger Distanz vu 500.000 Liichtjoer vum Zentrum vun der Galaxis goufe Stäre nogewisen. Den Duerchmiesser vun der visueller Scheif ass ongeféier 140.000 Liichtjoer grouss. D'Mëllechstroossesystem huet nëmmen en Duerchmiesser vu ronn 100.000 Liichtjoer. Den nächstklengste Begleeder vun der Lokaler Grupp, den M 33 (oder Dräiecksniwwel) huet en Duerchmiesser vu ronn 50.000 Liichtjoer. No neisten Erkenntnësser huet M 31 ongeféier eng Billioun Stären,während d'Mëllechstroossesystem 100 bis 200 Milliarde Stäre huet. Ëm d'Andromedagalaxis leie méi wéi zéng kleng Satellittegalaxien, vun deenen der zwou elliptesch Galaxië sinn: de Messier 32 an de Messier 110. Folgend Begleeder si bekannt (Auswiel):

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

De Kugelstärekoup Mayall II am System vun der Andromedagalaxis

Den M 31 gëtt zënter laangem genee ënnersicht, well e relativ no läit an dem Mëllechstroossesystem gläicht. D'Andromedagalaxis huet déiselwecht Aarte vun astronomeschen Objete wéi eis Galaxis; vun der Äerd aus gesäit een awer "vu baussen" d'Struktur vun hire Spiraläerm besser wéi déi vun der Mëllechstrooss. Et sinn donkel Stëbsbänner (kuckt d'Foto), Stäregenesisgebidder an am baussenzege Beräich 400 bis 500 Kugelstärekéip ze gesinn. De gréisste Kugelstärekoup, Mayall II, ass de gréissten Objet vun där Aart an der Lokaler Grupp. Besonnesch ass den Zentrum vun der Galaxis: Laang Zäit gouf geduecht, d'Andromedagalaxis hätt en duebele Kär aus zwee supermasseräiche Schwaarze Lächer an e puer Milliounen dicht zesummegedréckte Stären. Dobäi gouf ugeholl, datt eent vun de supermasseräiche Schwaarze Lächer aus enger fréierer Kollisioun mat enger anerer Galaxis kéint stamen. Nei Donnéeë vum Hubble-Weltraumteleskop weisen, datt de Kär aus engem Rank vu méi ale rouden an engem Rank vu méi jonke bloe Stäre besteet, déi am Gravitatiounsfeld vun engem supermasseräiche Schwaarze Lach gefaange sinn. Dat Schwaarzt Lach ass mat ongeféier 100 Millioune Sonnemasse ronn 24-mol sou masseräich wéi de galakteschen Zentrum vun eiser Mëllechstrooss[4].

Eegebewegung[änneren | Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxis huet par Rapport zum Mëllechstroossesystem eng Radialvitesse vu −114 km/s (zirka −410.000 km/h).[5] D'Minuszeechen dréckt dobäi aus, datt sech déi zwou Galaxien openeen zoubeweegen. De Wäert vu −114 km/s ënnerscheet sech vun der heliozentrescher Radialvitesse, d. h. der Vitesse, mat där sech den M 31 op d'Sonn zoubeweegt. Well d'Sonn hirersäits ëm de galakteschten Zentrum vun der Mëllechstrooss kreest – an zwar am Ament op M 31 zou –, ass déi heliozentresch Radialvitesse mat ongeféier −300 km/s (zirka −1 Mio. km/h) däitlech méi héich.

Computersimulatioune weisen, datt a véier bis zéng Milliarde Joer déi béid Galaxië méiglecherweis kollidéieren a matenee zu enger elliptescher Galaxis oder duerch eng besonnesch Form vun der Interaktioun vu Galaxien zu enger Polarrank-Galaxis verschmolt ginn.[6][7]

D'Transversalvitesse vum M 31 kann am Ament nach net direkt gemooss ginn, dierft awer net iwwer 20 km/s goen.[8] No der Entdeckung vun Waasser-Maseren am Joer 2011 schéngt eng direkt Miessung vun der Eegebewegung, wéi dat schonn am Fall vum Dräiecksniwwel gelonge war, a kuerzer Zäit méiglech ze ginn.[9]

Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Foto vum liichtstaarke Zentralberäich, Isaac Roberts 1899
Fozo am UV duerch GALEX
Infrarout-Emissioun (Fotoe vum Spitzer-Weltraumteleskop)
Foto am wäiten Infrarout duerch d'Herschel-Weltraumteleskop

D'Galaxis erstreckt sech mat 180′ visuellen Duerchmiesser iwwer en Himmelsberäich deen ongeféier sechsmol sou grouss schéngt wéi de Vollmound. Wann een den Halo an dës Date mat abezitt, deen normalerweis net ze gesinn ass, streckt sech d'Andromedagalaxis iwwer 30° um Firmament, ongeféier sou grouss wéi d'Stärebild Ursa Major.

Éischt Fotoe vun der Andromedagalaxis goufe schonn ëm 1900 gemaach. Zënter Ufank vum 21. Jorhonnert ass d'Galaxis och mat verschiddene Satellittenteleskopen observéiert ginn: am ultraviolette Liicht duerch GALEX, am mëttleren Infrarout duerch d'Spitzer-Weltraumteleskop an am wäiten Infrarout duerch d'Herschel-Weltraumteleskop.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxis ass mat bloussem A ze gesinn. Fir d'éischt gouf si am 10. Joerhonnert  n. Chr. vum perseschen Astronom Al-Sufi beschriwwen, dee si „déi kleng Wollék“ genannt hat. De Charles Messier hat si a sengem Katalog agedroen an d'Entdeckung allerdéngs dem Simon Marius zougeschriwwen, dee si am Joer 1612 duerch säin Teleskop observéiert hat. De J. L. E. Dreyer hat si als NGC 224 a säi Katalog vun 1888 opgeholl.

Laang Zäit war déi genee Natur vun de Spiralgalaxien onbekannt; si goufen duerch hiert Ausgesinn Spiralniwwel genannt an als Deel vum Mëllechstroossesystem ugesinn. Dofir gëtt si och Andromedaniwwel genannt. De Wilhelm Herschel hat d'Distanz op héchstens den 2000-fachen Ofstand zu Sirius geschat; dat sinn nëmme 17.000 Liichtjoer, wéi mer haut wëssen. Eréischt 1864 war et dem William Huggins mat Hëllef vun der Spektroskopie den Ënnerscheed tëscht dem Andromedaniwwel, bei deem d'Spektrallinn duerch d'Kombinatioun vun de Spektren vu Milliarde vun Eenzelstäre „verwëscht“ agetraff waren, an aneren Niwwel festzestellen.

Den Vesto Slipher hat 1912 un Hand vun der Blovertécklung vun hire Spektrallinnen déi heliozentresch Radialvitesse vun M 31 op 300 km/s a Richtung op d'Sonn berechent, déi héchst bis dohi bei engem Objet festgestallten (modern Miessunge erginn 300 ± 4 km/s[8][10]). Et war kaum virzestellen, datt een Objet bannenzeg der Mëllechstrooss sou séier konnt sinn. Am Joer 1914 hat den Arthur Stanley Eddington ugeholl, datt et sech bei de Spiralniwwelen ëm Galaxien, also Stäresystemer wéi eisem Mëllechstroossesystem handele kéint. 1917 konnten tatsächlech Eenzelstäre mat dem leeschtungsstaarken Teleskop vum Mount Wilson-Observatoire am Niwwel entdeckt ginn. 1923 ass et dem Edwin Hubble endlech gelongen – wann och mat engem Feeler– mat Hëllef verännerlecher Stäre vun der Cepheiden-Klass, seng Distanz op 900.000 Liichtjoer ze berechnen, an hien domat als extragalaktescht Objet ze identifizéieren. 1952 hat de Walter Baade erausfonnt, datt déi vum Hubble erugerzunne Cepheiden eng bis dohin onentdeckte, duebel sou heller Klass ugehéierten, an hat d'Distanz op iwwer 2 Millioune Liichtjoer korrigéiert.

Am November 2005 huet dat spuenescht Institut d'Estudis Espacials de Catalunya/CSIC d'Entdeckung vun engem Bedeckungsverännerleche Stär am M 31 publizéiert. Mat Referenz op dee Stär konnt d'Distanz zu der Andromedagalaxis op 2,52 ± 0,14 Millioune Liichtjoer bestëmmt ginn.[11]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andromedagalaxie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 SIMBAD
  2. 2,0 2,1 2,2 Students for the Exploration and Development of Space
  3. Sidney Van den Bergh: The Galaxies of the Local Group, Cambridge Astrophysics Series Nr. 35, 2000, S. 12.
  4. Bericht zur Masse von M 31 auf hubblesite.org, ofgeruff den 22. Januar 2012
  5. Loeb, A. & Narayan, R. (2007), arXiv:0711.3809.
  6. astronomie heute – Die ultimative Kollision
  7. astronomie heute – De groussen intergalakteschen Zesummeprall
  8. 8,0 8,1 Courteau, S. & van den Bergh, S. (1999), Astron. Journal. vol. 118, S. 337 http://adsabs.harvard.edu/abs/1999AJ....118..337C
  9. Darlin, J (2011), arXiv:1103.4788
  10. Mateo, M. L. (1998) Ann. Rev. Astron. & Astroph. vol. 36, S. 435 http://adsabs.harvard.edu/abs/1998ARA%26A..36..435M
  11. http://adsabs.harvard.edu/abs/2005ApJ...635L..37R