Andrzej Duda

Vu Wikipedia
Andrzej Duda
Gebuertsnumm Andrzej Sebastian Duda
Gebuer 16. Mee 1972
Krakau
Nationalitéit Polen
Educatioun Jagiellonen-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser, Affekot
Partei Recht a Gerechtegkeet, Onofhängeg, Onofhängeg

Den Andrzej Sebastian Duda, gebuer de 16. Mee 1972 zu Krakau, ass e polnesche Politiker vun der Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), a Jurist. Zanter dem 6. August 2015 ass hie Staatspresident vun der Republik Polen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet 1996 op der Jagiellonen-Universitéit zu Krakau e Magister an Droit a Verwaltung gemaach, gouf do 2005 promovéiert, an doropshin Dozent op där Universitéit.

2006 war hien delegéierte Justizminister an der Regierung vum Jarosław Kaczyński a gouf 2007 Conseiller vum Staatspresident Lech Kaczyński, deen 2010 beim Flijeraccident bei Smolensk ëm d'Liewe koum. Bei de Parlamentswalen 2011 gouf den Duda fir d'Parei PiS an de Sejm, dat polnescht Parlament, gewielt. 2014 ass en do zeréckgetrueden a gouf an d'Europäescht Parlament fir d'Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer gewielt.

De 24. Mee 2015 huet hien am zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen a Pole géint den aktuelle President Bronisław Komorowski gewonnen a gouf de 6. August 2015 vereedegt. Den 12. Juli 2020 gouf hien am 2. Tour vun de Presidentschaftswale mat knappser Majoritéit erëmgewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]