André-Charles Boulle

Vu Wikipedia
André-Charles Boulle
Gebuer 11. November 1642
Paräis
Gestuerwen 28. Februar 1732
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sculpteur, Designer, Moler

Den André-Charles Boulle (* 11. November 1642 zu Paräis; † 29. Februar 1732 och do) war e franséische Schräiner, deen et bis op de kinneklechen Haff gepackt hat.

Als Bouf vum Jean Bolt, engem Protestant dee 1610 vun Holland op Paräis geplënnert ass fir do fit d'Wittfra vum däitsche Schräiner Jean Senapre ze schaffen, war dem klengen André-Charles säi Wee scho virgezeechent. Mat 21 Joer huet hien d'Meeschterprüfung als Schräiner gemaach a säin eegenen Atelier opgemaach. Säi Mérite war et, a Frankräich eng bis dato just an Italien an Holland bekannt Technik ze verbreeden, déi dora bestanen huet, fir hëlze Miwwele mat anere Materielen ze beschloen an ze dekoréieren, wéi z. B. mat de Placke vun Deckelsmouken, Har, Zënn oder Koffer. Nom Doud vum Jean Macé am Joer 1672 huet den André-Charles d'kinneklech Miwwelschräinerei am Louvre iwwerholl, wou bis zu 40 Persoune geschafft hunn an och véier vu senge Bouwen.

En huet awer och selwer Konscht gesammelt, an zwar mat sou enger onkrolléierter Leidenschaft datt en dacks kuerz virum finanzielle Ruin stoung a just duerch gënnerhaft Interventioune vu sengem Kinnek Louis XIV. gerett gouf. D'Konschtsammlung Boulle, mat Wierker vu Rubens, Van Dyck, Mignard, Snyders, Bourdon, Le Brun a villen aneren zu hirer Zäit eng vun deene schéinsten a komplettsten, ass den 30. August 1720 bei engem Feier mat warscheinlech kriminellem Hannergrond ganz verbrannt.

Den 29. Februar 1732 ass den André-Charles Boulle am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Seng Bouwe Jean-Philippe, Pierre-Benoît, André-Charles II (genannt "Boulle de Sève") a Charles-Joseph hu säi Wierk vun der faméiser Marqueterie Boule weidergefouert.

Haut dréit eng vun de renomméierste Paräisser Handwierkshéichschoule säin Numm: d'École Boulle.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André-Charles Boulle – Biller, Videoen oder Audiodateien